E Freideg, de 25.11., sinn eis nei Scientifique-Klassen aus dem Cycle inférieur 7GS, 6GS a 5GS zesumme mat eise wëssenschaftleche Klassen aus dem Cycle supérieur vum Enseignement général a classique 3GIG, 2GIG an 3CC/CB op d’Researchers’ Days an d’Rockhal gefuer. …
De leschte Freideg hunn eis ACCU-Schüler e kulinaresche Klassiker kennegeléiert: Gromperekichelcher mat Äppelkompott!
Wat ass Demokratie? Wéi eng Roll spille mir an deem System? Den Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) huet mat de 5P-Klassen en Atelier zu dësem Thema duerchgefouert. Dobäi hunn d’Schüler hir eege Parteie gegrënnt an hir politesch Interessen duergestallt an …
Ob an der Mëttespaus oder doheem mat der Famill a Kolleegen; mat engem Brietspill huet een iwwerall seng Freed! D’Schüler vun der 7C3 hunn sech dofir an der Optioun „Makerspace“ mat modernen Techniken ausernee gesat a klassesch Brietspiller hiergestallt! Si …
Dëst Joer haten erëm 10 Schüler aus dem LJBM d’Geleeënheet op Auschwitz ze reesen an déi däischter Zäite vun eiser Geschicht z’ënnersichen. 4 ganzer Deeg ware si op der Plaz an hu sech intensiv mam Thema auserneegesat, an dat unhand …
Et ass fir eis Schüler vu grousser Bedeitung, een Abléck a verschidde Firmaen ze kréien. Sou léiere si d’Beruffer ganz konkret um Terrain kennen a kënne beschtefalls souguer ee Stage oder eng Léierplaz fannen. Den 3. November huet den Direkter …
E Réckbléck: Kuerz virum Summer hat d’BTS-Equipe “Bâtiments et infrastructures” vum LJBM am Fach Topographie den Optrag de Schrëftzuch “LJBM” a Groussbuschtawe vum Format 60 x 25 Meter op d’Wise laanscht de Vëloswee beim Lycée ze schreiwen. 😀 D’Aarbecht vun …
Wat wär eist Liewen ouni d’Handwierk? Wat sinn d’Méiglechkeeten an d’Chancen, déi eis Schüler aktuell hunn? Merci der Mme Blanche Lamesch vun der Chambre des Métiers, déi de Schüler vun de 5P- a 6P-Klassen e flotten Abléck ginn huet.
Den 12. a 14. Oktober war d’Diplomiwwerreechung un d’BTS-Studenten am groussen Auditoire vun der Maison du Savoir um Belval, an der Presenz vum Här Minister Claude Meisch, Minister vum Enseignement supérieur an der Recherche. Hei e puer flott Impressioune vun …
De 27.10. hunn eng Partie Schüler aus dem Lycée Josy Barthel Mamer mat vill Erfolleg zu Réiden um Championnat am Cross-Duathlon deelgeholl. Bei de Minimes ouni Lizenz ass de Max Pawlikowski den 8. ginn. Bei deenen affiliéierte Minimes ass den …