LJBM zu Auschwitz 2022

Publié le 25/11/2022
Dëst Joer haten erëm 10 Schüler aus dem LJBM d’Geleeënheet op Auschwitz ze reesen an déi däischter Zäite vun eiser Geschicht z’ënnersichen. 4 ganzer Deeg ware si op der Plaz an hu sech intensiv mam Thema auserneegesat, an dat unhand vu Visitten an de KZ selwer an an de Workshops, déi nomëttes stattfonnt hunn. 2 Deeg laang konnten d’Schüler sech op dem Terrain beweegen, wou iwwer 1 Millioun onschëlleg Mënschen hiert Liewe gelooss hunn. Mat Hëllef vun engem Guide kruten d’Schüler och déi néideg Erklärungen a konnten sech doduerch nach méi an déi grausam Doten eraversetzen. Als Mënsch vun hautzedaags ass et bal onvirstellbar, wéi sech déi Mënsche gefillt mussen hunn, an awer geet dat engem ënnert d’Haut, wann ee bis op enger Wiss steet zu Auschwitz-Birkenau an engem bis bewosst gëtt, dass do Äsche vun Dausende vu Leit leien. E bedréckend Gefill geet duerch een, wann een all déi Baracken a Ruine gesäit a sech da virstellt, wat sech do tëscht 1940 an 1945 ofgespillt huet. No de Visitte konnt ee sech mëttes d’Stad Auschwitz selwer ukucken an sech u Workshops bedeelegen, déi engem nach e vill méi konkreten Abléck konnte ginn an dat Ganzt nach eng Kéier vill méi verdéift hunn. D’Schüler haten d’Méiglechkeet mat engem Témoin de la 2ème génération ze schwätzen, wat extrem emotional war a jidderee matgeholl huet.
De leschten Dag stoung eng Visitt vu Krakau um Plang a soumat konnten d’Schüler mat enger wonnerschéiner Stad mat vill Architektur ofschléissen. Insgesamt ass dës Rees eng Opportunitéit, déi een sech net entgoe loosse soll, well et dat ofschléisst, wat ee jorelaang an de Bicher gesinn huet. A wierklech do ze sinn a mat Zeien ze schwätzen, dat ass nach eng Kéier eng ganz aner Erfarung.
 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes