D’Ziel vum „Josy goes green“

D’Ziel vum Nohaltegkeetscomité ass et, den aktuelle sozialen an ökologeschen Erausfuerderungen (Klimawandel, Ressourcen- an Energieverbrauch, Plastikverschmotzung, Biodiversitéits-Verloscht, …) zesumme mat eise Schüler duerch konkret Projeten an Aktiounen ze begéinen. Esou ginn eis Schüler fir dës Thematik sensibiliséiert a kenne méi responsabel Verhalensweisen entwéckelen. D’Grondiddi ass et, eis momentan Produktiouns- a Konsommatiounsmodeller ze hannerfroen an d’Iddi vun der « économie circulaire » ze liewen, fir eis Ëmwelt ze schounen an esou och den zukünftege Generatiounen e gutt Liewen ze erméiglechen.

Den Nohaltegkeetscomité setzt engersäits selwer Projeten ëm (Upbooking, Éco-Délégué, konsequent Mülltrennung, …), ënnerstëtzt bestoend Projeten am Beräich Nohaltegkeet (Give Box, Repair Café, , secondhand-Maart, Upcycling am Makerspace, …) an erméiglecht de Schüler selwer Iddien ze entwéckelen a begleet se bei der Ëmsetzung (BNE-Awards, …).

Memberen:

  • Dani Schong
  • De Vos Mike
  • Maïté Fecchi
  • Neuser Jonah
  • Schmit Claude
  • Wengler Vanessa

 

Upbooking

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.