
Wëllkomm
am Lycée Josy Barthel zu Mamer!
Léif Schüler, léif Elteren,
an eisem Lycée leeë mir grousse Wäert op d’Promotioun vun de Wëssenschaften an de Beruffer aus dem Bausecteur.
Mir bidde Léiermethoden un, di d’Kompetenze stäerken, di eis Schüler fir d’Zukunft brauchen – virun allem Selbststännegkeet a Verantwortungsgefill. Eng grouss Opmierksamkeet gëllt och dem Ausbau vun de Sproochefäegkeeten, dëst ënner anerem duerch eise Projet Sprooche +.
Eis Enseignanten, eis pedagogesch Ekippen an all eis Servicer schaffe mat Häerz fir eis Schüler. Eis Zil ass et, all jonke Mënsch beschtméiglech op seng berufflech a perséinlech Zukunft virzebereeden.
Mir freeën eis op e flott an erfollegräicht Schouljoer zesummen!
Gil Belling, Direkter vum Lycée Josy Barthel Mamer
Bienvenue
au Lycée Josy Barthel Mamer!
Chers élèves, chers parents,
Dans notre lycée nous accordons une grande importance à la promotion des sciences mais aussi aux métiers de la construction.
Nous proposons des méthodes d’enseignement qui renforcent les compétences de demain, en particulier l’autonomie et la responsabilisation des élèves. Une grande attention est également portée au développement des compétences linguistiques, et ce en particulier à travers notre projet Sprooche +.
Nos enseignants motivés, nos équipes pédagogiques engagées et tous nos services s’investissent pleinement dans l’objectif de préparer au mieux chaque jeune à son avenir personnel et professionnel.
Nous nous réjouissons à l’idée de partager ensemble une année scolaire enrichissante et réussie.
Gil Belling, Directeur du Lycée Josy Barthel Mamer
Science - Days: Fuerschen, Staunen, Entdecken am LJBM
Am Lycée Josy Barthel Mamer gouf een Nomëtteg laang gefuerscht an experimentéiert.
Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4.1 a 4.2 sinn an d’Welt vun de Naturwëssenschaften agedaucht.
Iwwerall gouf ausprobéiert, ...observéiert a gestaunt.
E Nomëtteg voller Aha-Momenter.
Wëssenschaft fir unzepaken! 🔬🌊
Hues du keng Zäit gehat fir ze kommen? Da mell dech nach séier fir den 10. Mäerz un – et si nach Plaze fräi.
Umeldungen op: secretariat-eleves@ljbm.lu
D’Team Josy war och dëst Joer op der First Lego League am Forum Geesseknäppchen aktiv 🤖🧩. Insgesamt hunn iwwer dräi Deeg hei eng knapp 100 Ekippen sech am Robotgame (Roboter bauen a programméieren) an am Innovation Project (E neie spannenden Usaz fanne fir Archeologen d’Aarbecht ze ...vereinfache) gemooss 🛠️💡.
Am Robot Game konnten de Maxime an d’Margarita e super Score vun 280 Punkten erreeche 🏆. Am Innovation Project haten si sech Gedanken drëms gemaach, wéi een eng international vernetzten Datebank mat enger App kéint opbauen 📱🌍. Mir soen dem Mario Ranzinger vun der uni.lu e grousse Merci fir seng fachmännesch Ënnerstëtzung bei der Entwécklung vun eisem Projet 🙏.
Als weidere Challenge hu mir misse mat enger aneren Ekipp zesummen e puer Aufgabe léise 🤝. Mir soen dem Team Code Gräber vu Schëffleng hei e grousse Merci fir déi flott Zesummenaarbecht 👏.
Um Schluss nach en décke Merci un d’Laurene, den Andy an de Pascal vum SCRIPT fir d’Organisatioun vun der ganzer First Lego League! 🎉
⚽ Nach e flotte Réckbléck op den LASEL Futsal Tournoi!
Den 03.02. hunn eis Cadets-Jongen um LASEL Futsal-Tournoi, deen hei am LJBM organiséiert gouf, deelgeholl. Si hun sech super geschloen a konnten ee Match gewannen — gutt gespillt, Jongen! 👏
🇱🇺
Nach 1 Woch, dann ass et esou wäit!
Eis Konferenz « Déclic ou des claques ? » ass nächst Woch — et ass nach Zäit, Iech anzeschreiwen! Sidd bei dësem Owend derbäi, wann et iwwert d’Kommunikatioun mat Jugendleche geet. Fir Iech anzeschreiwen, schéckt einfach eng ...E-Mail un: elterecomite@ljbm.lu.
🇫🇷
Plus qu’une semaine avant la conférence !
Notre conférence « Déclic ou des claques ? » a lieu la semaine prochaine — il est encore temps de vous inscrire ! Rejoignez-nous pour une soirée essentielle autour de la communication avec les adolescents. Pour vous inscrire, il vous suffit d’envoyer un e-mail à : elterecomite@ljbm.lu.
🇬🇧
One week to go!
Our conference “Déclic ou des claques?” is next week — there is still time to register! Join us for an important evening on communication with teenagers. To register, simply send an email to: elterecomite@ljbm.lu.
Workshop zu Bréissel: En inspiréierenden Austausch
D’Studente vum zweete Joer aus der Formatioun BTS Bâtiments et infrastructures haten déi flott Geleeënheet, zesumme mat hirem Enseignant, dem Architekt Christian Bourguignon, un engem gemeinsame Workshop zu Bréissel deelzehuelen. ...Dëse Workshop gouf an Zesummenaarbecht mat de Studenten aus dem Bachelor „Dessin et technologie en architecture“ ausgeféiert.
Wärend dräi Deeg hunn d'Studenten a gemëschte Gruppen u Projete geschafft, déi sech mat der Transformatioun vun enger Entréeszon fir eng „Salle de spectacle“ beschäftegt hunn. Déi innovativ Resultater goufen zum Schluss virun enger Fachjury presentéiert an diskutéiert. Et wore vill beräicherend Momenter an Diskussiounen. Nieft der intensiver Aarbecht koum et och zu enger Visitt vun der Maison Horta an dem Stadtkäer.
E grousse Merci geet un den Här Paul Hortegat, Professeur-architecte an der @esastluc_bruxelles, a senge Studente fir déi exzellent Gaaschtfrëndlechkeet an d’Organisatioun mam Här Bourguignon.
Op enger zweeter Matinée zum Thema Logement hu Schüler:innen aus dem Lycée Josy Barthel vun de Klassen 3e bis 1ère (Sektiounen CG-URBS, A3D, GC, DB) sech nees mat de groussen Erausfuerderunge ronderëm d’Wunne beschäftegt.
Des Kéier kruten si e ganz interessanten Input iwwert ...d’Baumaterialie vun der Zukunft an nohalteg Bauweisen. Dono gouf hinnen déi aktuell Logementsproblematik unhand vu konkreten Zuele präsentéiert. Dobäi konnten si hiert Wëssen testen an sech aktiv mat den aktuellen Donnéeën auserneesetzen.
E grousse Merci un d’Intervenanten, de Régis Bigot vun Neobuild an d’Chercheur’n vum Observatoire de l’Habitat (LISER), fir déi interessant Bäiträg, souwéi un de Ministère du Logement fir hiren inspiréierenden Appel à projets.
Enn Januar gouf d'Schwammchampionnat fir net lizenzéiert Schwëmmerinnen a Schwëmmer am Mamer Lycée ausgedroen.
E grousse Merci geet an dem Zesummenhang un d'Anna, d'Zoé, d'Giulia souwéi un den Thibault, de Louis, de Chris, den Aleksander, de Finn an den Daniel. Et... sinn ëmmer 50m um Stéck mat enger Wend geschwomme ginn. Eis 9 Schwëmmer sinn all iwwert sech erausgewuess a konnten an de verschiddenen Disziplinne gutt Resultater erzielen.
Hei en Iwwerbléck zu de beschte Performancen.
Réck - Juniorinnen: 3. Plaz fir Milella Giulia
Brasse - Senioren: 3. Plaz fir Duchateau Louis
Kraul - Senioren: 2. Plaz fir Duchateau Louis
Réck - Junioren: 1. Plaz fir Mergaux Thibault
Erfierzehiewen ass déi 1. Plaz fir den Thibault, den a sénger Kategorie LASEL-Champion gouf. Bravo!
Hinnen all e grousse Merci fir hiren Engagement.
D’Schüler vun der 2e Urbs/Comed hunn zesumme mat Jonken aus eiser Partnerschoul aus Hoogstraten 🇧🇪den Europäesche Geriichtshaff 🏛️🇪🇺 um Kierchbierg besicht.
Wärend der Visitt kruten si en Abléck an d’Funktioun an d’Bedeitung vum Geriicht fir d’Europäesch ...Unioun 👩⚖️📚.
Donieft hunn si sech iwwer berufflech Perspektiven an d’Roll vun der Méisproochegkeet am Alldag vun der Institutioun informéiert 💼🗣️🌍.
D’Schülerinnen a Schüler vun der Klass 2e Urbs/Comed hunn en Donneschden den 12.Februar eng flott Zäit am Kader vun engem Austauschprogramm mat Jonken aus eiser Partnerschoul vun Hoogstraten(Belsch) verbruecht. Ziel vun dësem Treff war et ënner anerem, den Ëmgang mat der Méisproochegkeet ...ze analyséieren an déi sproochlech Diversitéit am Alldag ze erliewen.
Nieft inhaltlecher Aarbecht hu verschidde Gruppespiller fir eng locker Atmosphär gesuergt. E besonnescht Highlight war d’Entdeckung vun der lëtzebuergescher Fueskultur: Mat vill Freed goufen zesumme selwer gemaachte Fueskichelcher geschmaacht.
Den Austausch war gepräägt vun neie Bekanntschaften an enger gelongener gemeinsamer Zäit.
