Makerspace
Selwer experimenteieren? Kreativ sinn? Neies schafen a seng eege Projeten maachen? De Makerspace am LJBM ass d’Plaz wou s du genau dat maache kanns!
Vu Robotik bis Bitzen – hei kanns du villes léieren!
Spillatelier
Du hues Gesellschaftsspiller gär? Géifs gär nei Spiller entdecken? Dann hu mir déi passend Aktivitéit fir dech! Mir proposéieren all Méinden an der Mëttegpaus eng Aktivitéit, wou mir all Kéiers en neit Spill entdecken an zesumme spillen. Strategiespiller, Geschécklechkeetspiller, Kaartespiller, Escape Games, … et ginn eng Hellewull vu Spiller fir auszeprobéieren!
LJ-Bee-M
Zesumme wäerten eis Schülerinnen a Schüler, mat Hëllef vun engem professionellen Imker, an d’Beienzuucht agefouert an sech lues a lues selwer ëm dem Josy seng Beie këmmeren.
Si wäerten och erausfanne wéi wichteg d’Beie fir eis Natur sinn a wéi si doheem hire Gaart méi beiefrëndlech kënne gestalten.
Schach
Schach an der Schoul an mir ginn och op Turnéier
Knigge
Photographie
Léiert richteg ze fotograféieren!
Theater
Du hues schonn ëmmer dovu gedreemt, eemol op enger grousser Bün ze stoen a virum Publikum ee flott Theaterstéck ze spillen? Da bass du bei eis genau richteg. Du muss just gutt Laun a vill Motivatioun matbréngen.
Bitzcours
Du hues Loscht bitzen ze léieren (Hand a Maschinn) oder hues schonn e Bitzprojet, mee weess nach net wéi s du en ëmsetze solls? Da komm bei eis an den Bitzatelier vum Makerspace, mir hëllefen dir deng Projeten ze realiséieren!
Josy S(w)ings
An engem flotte Kader ass däin Talent als Museker gefrot. Du séngs gären? Kanns een Instrument spillen an/oder wëlls gär deen een oder aneren Optrëtt op der Bün matmaachen? Da komm an de Josy S(W)iNGS!
Mérite Jeunesse
Den Mérite Jeunesse ass en internationalen Programm deen Jonker encouragéiert sech fir hier Interessien an hier Gesellschaft anzesetzen. Du muss reegelméisseg Sport maachen, dech benevole engagéieren, dech an engem Beräich weiderbilden (Musek, Sprooch, Schach,….) an mir maachen eng flott Wanderung mat am Zelt schlofen. Am Mérite Jeunesse geet et em dech als Jonken Mënsch an em däin Engagement.
Change your mindset
change your mindset: kleng Schrëtt an eng gréng Zukunft.
Dodgeball
Fussball
Fitness
Mountainbike
Basketball
Fussball Meedercher
Handball
Parkour
Multisports
Volleyball, Badminton an Dëschtennis