SSE - Service socio-éducatif

Eise Service socio-éducatif:
Service socio-éducatif schafft no der Demarche vun der net-formeller Erzéiung. Dës Demarche vun der peri- & parascolairer Offer an der Schülerbedeelegung geet op eng De spezifesch an edukativ Haltung zeréck, déi sech duerch eng Approche charakteriséiert, wou een op d’Schüler duergeet. Sief datt op individueller oder Gruppebasis, fir eng bewossten a fräi edukativ Bezéiung opzebauen, an net-formell Léiersituatiounen ze schafen, déi op d’ Methode vun der sozio-educativer Animatioun vun der Jugendaarbecht zeréckginn.
De Service socio-éducatif vum Lycée Josy Barthel orientéiert sech no dëser Demarche an hirer Offer.
Dorënner falen d’Organisatioun vu péri- & parascolairen Aktivitéiten, wou d’Schüler d’Chance kréien, sech fräi z’entfalen an nei Skills unzeeegenen. Awer och d’Begleedung vun der Schülerbedeelegung (Schülercomité) ass e Bestanddeel vun eiser Aarbecht. Donieft kucke mir och op d’Motivatioun vun de Schüler a bidden op Ufro vum Schüler, sengen Elteren oder dem Conseil de classe Ënnerstëtzung beim Léieren an och d’Entdecken an d’Erschaffe vun eegenen individuelle Léiermethoden.
Mir bidden dem Schüler e Raum, wou hien eleng oder och am Grupp wärend de Léierprozesser seng sozial a perséinlech Kompetenzen a Stäerkten entdecken an entwéckele kann. Moies si mir klassebegleedend ënnerwee a këmmeren eis ëm d’Schüler, déi ee Reflexiounsmoment brauchen. Am Nomëtteg fannen eis Aktivitéite statt.
Eis Equipe besteet aus Educatricen, Gradué an Diplômé, déi all Vollzäit fir d’Schüler an och fir déi ganz Schoulgemeinschaft do sinn.
Eise Service socio-éducatif:
Koordinatioun: Rafael Pinto, Educateur gradué, rafael.pinto@ljbm.lu
Tessy Mersch – Educatrice graduée, tessy.mersch@ljbm.lu
Danielle Schong – Educatrice diplômée, danielle.schong@ljbm.lu
Emelie Trindade Fortes – Educatrice graduée, emelie.trindadefortes@ljbm.lu
Missiounen:
Gemeinsam Missiounen:
- Encadrement vum Jugendtreff
- Organisatioun vu péri- & parascolaire Aktivitéiten
- Prise en charge vu Schüler an der Drëps
- Ëmsetze vum zukünftegen Handlungsleitfaden fir d’SSE
Notre équipe
Eise Projet Drëps:
An all Klassesall hänkt eis Telefonsnummer vum Service.
Wann dir e Schüler am Cours hutt, dee vum Behuelen net méi erdrobar ass, rufft eis un an ee Member vun eiser Equipe kënnt e sichen.