D’iPad-Gesetzer am LJBM

 

Permanencë falls du Problemer oder Froen allgemenger Natur hues :

Dënschdes  12:15 bis 13:00 Auer Sall B226

Sollt däin iPad getosch ginn (wéinst gebrachenem Display z.B.) dann muss du folgend Etappen no goen:

  1. Mell däi Schued iwwert de Formulaire op www.one2one.lu oder de Formulaire: http://edulink.lu/k7mc
  2. Email vum CGIE (un iam@school.lu) ofwaarden, datt dat neit Gerät prett ass an un de Lycée geschéckt ginn ass
  3. Een Elterendeel soll ee Rendez-vous huelen via Email un: ipad@ljbm.lu fir den neie Kontrakt z’ënnerschreiwen.

 

Du bass Ex-Schüler aus dem LJBM?  An du wëlls däin iPad mat den Accessoiren ofginn an de Kontrakt opléisen? Einfach een Rendez-vous huelen via Email un: ipad@ljbm.lu, d’Retoure sinn méindesmëttes, 14:30 bis 16:30 Auer nëmmen mat Rendez-Vous.

 

 

Allgemeng Informatiounen zum iPad-Projet “one2one”, un deem den LJBM deelhëlt:  www.one2one.lu