De Green Team ass e Grupp, deen aus Léierpersonal an engagéierte Schülerinnen a Schüler besteet a sech fir méi Nohaltegkeet an Ëmweltschutz an eisem Lycée asetzt. D’Ziel ass et, den aktuelle sozialen an ökologeschen Erausfuerderungen (Klimawandel, Ressourcen- an Energieverbrauch, Plastikverschmotzung, Biodiversitéits-Verloscht, …) duerch konkret Projeten an Aktiounen ze begéinen. D’Grondiddi ass et, eis momentan Produktiouns- a Konsommatiounsmodeller ze hannerfroen an d’Iddi vun der “économie circulaire” ze liewen, fir eis Ëmwelt ze schounen an esou och den zukünftege Generatiounen e gutt Liewen ze erméiglechen.
D’Schülerinnen a Schüler am Green Team ginn dobäi ënnerstëtzt hier eegen Iddien a Projeten ëmzesetzen. Fir d’Aarbecht vum Green Team z’ënnerstëtzen, gëtt et a verschiddenen Klassen och Ecodelegéierten : Si hëllefen am Alldag fir dass an hirer Klass z.B. den Offall richteg getrennt gëtt, d’Luuchten an de Beamer ausgemaach ginn, am Wanter d’Fënsteren zougemaach ginn an hier Matschüler iwwert lafend Projeten informéiert ginn.
Memberen ënnert dem Léierpersonal:
- Brian Ignazzi
- Danielle Schong
- Jonah Neuser
- Maïté Fecchi
- Mike de Vos
- Sandy Neu
- Vanessa Wengler
- Yves Meyer
o Upbooking:
o Green Team:
o Computeren verschenken:
o Ecodelegéierten:



