À la une
Wat kënnt nom Cycle 4?
Kommt op eisen Info-Owend dëse Mëttwoch!
Dir kritt en einfachen Iwwerbléck iwwer d’Méiglechkeeten nom Cycle 4!
15. Abrëll 2026
Festsall vum Lycée Josy Barthel, Mamer
19:00 Auer
Op Lëtzebuergesch (mat Iwwersetzung op Franséisch an Englesch)
Kommt laanscht !
Schoulfoire! 2026
La Schoulfoire s’adresse aux élèves des cycles 3 et 4 du fondamental, de la dernière année de primaire des écoles internationales et aux élèves du secondaire. Sur une surface totale de plus de 17.000 m2 répartie sur 3 halls d’exposition, retrouvez l’offre suivante: Léierplazendag, lycées, système éducatif, ateliers et shows, LuxSkills, univers de formation.
Portes Ouvertes 2026
Nous avons le plaisir de vous inviter à nos portes ouvertes
Vendredi 15 mai 2026 de 16h-19h
Samedi 16 mai 2026 de 09h-12h
Actualités
🏫⚡ LJBM op der Schoulfoire 2026 – mir sinn dobäi. A wéi!
Dës Woch ass de Lycée Josy Barthel Mamer voll präsent op der Schoulfoire 2026 op der Luxexpo!
🎯 Berodung – Eis Professeren an Studente stinn Iech Ried an Äntwert iwwert eis Offre scolaire, BTS-Programmer ...an alles wat de LJBM ze bidden huet.! 👋
🧱 Hands-on fir Kanner & Jugendlecher – Kleng an grouss kënnen sech selwer e Bild maachen, wat et heescht e spilleresch a praktesch e Beruff ze erlierwen.
🏆 3 LuxSkills-Competitions LIVE – Eis Studente kämpfen ënnert reale Wettbewerbsbedingungen a weisen hire Skill op der Bühn Präzisioun a Qualitéit – Made in LJBM. 💪🖥️📐
D'Schoulfoire leeft nach bis e Mëttwoch, also kommt nach laanscht, informéiert Iech a loosst Iech inspiréieren!
#LJBM #Schoulfoire2026 #LuxSkills2026 #Mamer #HandsOn #Luxembourg
🏗️✨ LuxSkills 2026 – Digital Construction am Kader vun der Schoulfoire!
Eis Studenten vum BTS BIM hunn dës Woch op der LuxSkills 2026 op der Schoulfoire alles ginn! 💪🖥️
Si hunn virun den Ae vun dausende Besicher en Bürosgebai komplett mat Terrain an Annexe ...digital modelliert.
📐Pur Konzentration, Technik a Leidenschaft fir de BIM. 🔥
👷 Dat sinn d'Talenter vu muer – a si kommen aus Mamer!
Bravo un all Participant fir dës extraordinär Leeschtung! De Gewënner qualifizéiert sech direkt fir d'EuroSkills 2027 fir Lëtzebuerg ze representéieren. 🏆
@worldskills_luxembourg
#LuxSkills2026 #BTSBIM #DigitalConstruction #Schoulfoire #BIM #Revit #worldskills
Am LJBM gëtt elo an engem Pilotprojet Ecodelegéierten op de Klasse 7e a 4e. Hier Aufgabe sinn z.B. am Alldag op eng richteg Mülltrennung opzepassen, dass d'Fënsteren zou sinn an d'Luuchten ausgemaach ginn. Si informéieren awer och hier Matschüler iwwer lafend Projeten zum Thema ...Nohaltegkeet a maache bei passenden Aktivitéite selwer mat. Mir freeën eis iwwert eis engagéiert Schüler.
D'Lescht Woch waren eis 7P Schüler an de Bësch op eng Geheimplaz, fir Bärlauch ze plécken. Op Franséisch heescht dat ail des ours, an et richt och genee esou – no Knuewelek. Hiert Zil war et, dovunner e leckere Pesto an eng fein Kräiderbotter ze zauberen.
De Buchclub vum Lycée Josy Barthel invitéiert seng Schüler:innen op eng drëtt Editioun! Bis den 19. Mee liese mir zesummen de „Song of Achilles“ vum Madeline Miller an treffen eis um 14:20 am Jugendtreff fir iwwert d’Buch ze diskutéieren!
Dir kënnt d’Buch op där Sprooch ...liesen, wou dir wëllt. Dir fannt et op Däitsch an Englesch am CDI vun der Schoul!
Mir freeën eis op Iech!
3D-Scann vum LJBM-Gebai
Am Kontext vum Topographie-Cours hat den LJBM en 3D-Scanner ausgeléint, den et erlaabt huet, verschiddene Klassen ze weisen, wéi en domadder dräidimensional Opname realiséiert. Grouss Partie vun eisem Schoulgebai konnten esou mam Scanner vermooss ginn.
...
En éischt Resultat heivunner war eng Punktewollek mat enorm ville Punkten, déi d‘Basis duerstellt fir 3D-Zeechnungen an diversen Zeecheprogrammer.
https://youtu.be/3Y0aMB66xzM
Beim Scanne miesst de Scanner net just Punkten nom Lidar-Prinzip op fir d’Punktewollek ze generéieren, mee mëscht och gläichzäiteg mat sengen 3D-Kamerae Fotoe vum Entourage. Dëst erlaabt et mat enger zweeter Software e Rendering am 3D hierzestellen. Duerch dës virtuell Welt, déi esou entsteet, kann en da mat engem Avatar lafen oder sech selwer dra beweegen.
https://youtu.be/_O82TFwPI2M
Eng Levée mat esou engem Scanner erméiglecht et, realistesch Interaktiounen tëscht virtuellen a realistesche Welten ëmzesetzen, zum Beispill fir Simulatiounen an de Beräicher vun der Constructioun, der Architektur oder dem Urbanismus. Esou Opname stellen awer och d´Basis duer fir VR-Uwendungen a fir d´Produktioun vu Computerspiller.
Den Asaz vum 3D-Scanner am Topographie-Cours huet et de Schüler deemno erlaabt, eng weider flott an zukunftsorientéiert Method an der Opmoosstechnik kennenzeléieren.
Offre scolaire
Classique
Vers les études supérieures, où toutes les professions sont possibles
Général
Un monde de possibilités : études supérieures ou entrée dans la vie active
Préparatoire
Maximiser les chances de réussite : apprendre un métier ou intégrer le général
Professionnel
Devenir un pro de la construction: théorie et apprentissage en entreprise
BTS
Des études à finalité professionnelle, alliant théorie et stages en entreprise
Cours du soir
Offre de cours spécialisés pour adultes, en partenariat avec le LLLC
