A3D End of year exhibition

Publié le 05/07/2024

E Méindegowend war de Vernissage vun eiser « A3D-End of year exhibition ». Hei hunn d’Schüler vun eiser Sektioun A3D (Architecture, Design, Développement durable) hir Aarbechte presentéiert. Si hate sech ënnert anerem Gedanke gemaach, wéi den ale Site vum Stadion Josy Barthel en neit Liewe kéint kréien. Ze gesi goufen et awer och ganz flott Maquetten, déi am Kader vun engem Projet mam Musée Mudam entstane sinn oder déi Deel vun den Ofschlossaarbechten an de Beräicher Architektur an Design op 1re waren. Vill Visiteuren haten sech am Festsall zesummefonnt, fir no engem Wëllkomm vum Här Christnach an Erklärunge zu den Theeme vum Här Herrmann déi beandrockend Wierker vun eise Schüler méi genau ënnert d’Lupp ze huelen. D’Qualitéit vun den ausgestellten Aarbechte war immens héich an d’Leit hunn d’Projeten zu Recht bestaunt. Hei e puer Impressioune vun dësem flotte Moment!

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.