D‘Give Box setzt sech fir de nohaltegen Konsum a géint d‘Verschwendung an!

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Léif Schülerinnen a Schüler

am Kader vum Projet de Développement Scolaire organiséieren d‘Däitsch- an Engleschdepartement eng Give Box am LJBM.

D’Konzept ass iech villäicht bekannt: Saachen, déi net méi gebraucht ginn, déi awer nach e Wäert fir anerer kënnen hunn, kënnen an der Box hannerluecht ginn, fir datt en aneren se bei Bedarf mathuele kann.

D‘Give Box setzt sech deementspriechend fir de nohaltegen Konsum a géint d‘Verschwendung an.

Wann dir iech um Projet bedeelege wëllt, ass et wichteg, datt dir iech u folgend Reegelen haalt:

  • Gitt nëmme Saachen of, déi propper a funktionell sinn.
  • Bréngt just Géigestänn mat, déi net ze grouss sinn, fir datt si hier Plaz an der Give Box fanne kënnen. Mir denken do u Computerspiller, Schreifartikel, Kleeder, Bicher, Bijouen etc.
  • Bréngt näischt mat, wat geféierlech oder verdierflech ass.

Eis Give Box späert all Dag tëschent 11:50 an 12:40 hier Dieren op.

Dir fannt se an der Entrée vum CDI a Form vun enger Vitrinn.

Mir géifen eis freeën, wann dir eise Projet géift ënnerstëtzen a soen iech villmools Merci am Viraus.

D’Equipe vun der Give Box

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes