An eisem Lycée schaffe mir all Dag zesumme mat eise Jonken un enger agreabeler Schoulambiance. Doduerch bidde mir eise Schüler ee séchert Ëmfeld fir hier perséinlech Entwécklung an e fërderleche Kader fir hire schouleschen Erfolleg.

Fir an eiser Schoul optimal Aarbechtsbedéngungen a Léierviraussetzunge fir all Schüler, Enseignant oder Member vum Personal ze garantéieren, hält all Member vun eiser Schoulgemeinschaft sech un eng Rei Reegelen. Dat sinn natierlech déi elementar Héiflechkeetsreeglen a konkret Aarbechtsastellunge wéi Bedeelegung a Léierbereetschaft, Genauegkeet, Fläiss an Ausdauer, awer och zum Deel ganz speziell Reegelen a Prozedure fir besonnesch Situatiounen.

Follgend 12 Reegele gëllen zu all Moment:

1.     Mir respektéieren eis géigesäiteg.

Mir sinn all Member vun eiser Schoulgemeinschaft, onofhängeg vum Geschlecht, dem Alter, der sexueller Orientéierung, der Relioun, der ethnescher Origine, der Nationalitéit oder de jeeweilege Besoinen. Dës Diversitéit mécht de Räichtum vun eiser Schoulgemeinschaft aus.

Mir respektéieren eis eegen an deenen aneren hir Grenzen. Dëst bedéngt och, dass jidderengem seng perséinlech Fräiheeten do ophalen, wou deem Nächste seng Fräiheeten ufänken.

2.     Mir sinn héiflech am Ëmgang mateneen.

Jidderee vun eis huet eng Erzéiung genoss, déi op gesellschaftleche Wäerter a Manéiere fousst. Dowéinst behuele mir eis esou, dass mir zu all Moment houfreg op eist Verhale kënne sinn.

Mir follegen de Reegelen an den Uweisungen, déi mir kréien.

Mir passe souwuel am mëndlechen wéi am schrëftlechen wéi am digitalen Ëmfeld op ee positive Sproochgebrauch op.

Mir soen eis Meenung zum richtegen Ament an an der richteger Form, lauschteren no, wann een eis eppes erzielt oder erkläert, a loossen deen aneren ausschwätzen.

3.     Mir sinn een Team – du, ech, mir.

Mir passen een op deen aner op an hëllefen eis géigesäiteg.

An engem Team huet jidderee seng Roll. Mir bréngen eis Stäerkten an Interessen an d’Team an a loossen zou, dass anerer eis Schwächten ausgläichen.

4.     Mir sinn éierlech.

Mir soen d’Wouerecht.

Mir stinn zu eisen Handlungen an hëllefen no Léisunge sichen, wa mir eppes falsch gemaach hunn.

Mir bereeden eis Prüfunge vir an halen eis un déi gängeg Prüfungsreegelen. Mir gi just dat als eis eegen Aarbecht aus, wat mir selwer wëssen, recherchéiert a geschriwwen hunn.

5.     Mir brénge weder eis selwer nach een aneren a Gefor.

Mir respektéieren d’Sécherheetsreegelen an huelen eis d’Zäit fir nozedenken,

éier mir handelen.

Am Fall vun Onstëmmegkeeten oder Sträit probéiere mir ze schlichten, wann dat méiglech ass, oder ginn Hëllef sichen. Gewalt ass keng Léisung.

6.     Mir suerge fir ee fërderlecht Léierëmfeld an eng gutt Schoulambiance.

Mir ginn eist Bescht a schaffen, sou gutt mir dat kënnen. Mir hunn eist Schoulmaterial komplett a geuerdent, bedeelegen eis um Unterrecht a maachen eis Aufgaben.

Eisen iPad ass gelueden an eis Accessoire si komplett. Mir suergen dofir, datt alles technesch an der Rei ass a mir gutt domat schaffe kënnen. Mir maachen eis Updates mat Zäit an eis Dokumenter sinn uerdentlech a sécher ofgespäichert an iwwersiichtlech geraumt.

Mir wëssen eisen Usernumm an eis Passwierder fir déi verschidden Déngschter. Mir si selwer verantwortlech fir alles, wat ënnert eisem Usernumm passéiert. Wärend dem Unterrecht a wärend Diskussioune bleiwe mir beim Thema.

Mir sinn all matverantwortlech fir d’Rou am Klassesall an am Schoulgebai.

Mir droen all zu enger gudder Schoulambiance bäi. Zesumme laachen a Freed hunn gehéiere genee esou zum Schoulalldag wéi d’Léieren an d’Schaffen.

7.     Mir sinn ëmmer do a komme pénktlech an de Cours.

Mir kennen eise Stonneplang, eis Klassesäll an d’Schoulzäiten a si pénktlech

an de Coursen.

Eis reegelméisseg Presenz an der Schoul an an de Coursen ass eng Grondviraussetzung fir eise schouleschen Erfolleg. Dofir feele mir just aus guddem Grond.

Si mir krank oder verhënnert, bleiwe mir doheem a froen eis Elteren oder eis Tuteuren, eis virum Ufank vun de Coursen iwwer Mail un de Regent oder iwwer den Telefon 26 31 40-1 ofzemellen.

Fir all Absence gi mir eisem Regent spéitstens den 3. Dag no eisem éischte Feeldag eng schrëftlech Entschëllegung of. Feele mir méi wéi 3 Deeg, gi mir bei den Dokter a leeën en deementspriechenden Zertifikat bäi.

Wa mir d’Gebai ausser der Rei verloossen, melle mir eis bei engem vun eisen Enseignanten an am Schülersekretariat of. Och an dësem Fall brauche mir, wéi bei all Absence, eng schrëftlech Entschëllegung.

8.     Mir respektéieren d’Material.

Mir passe souwuel op eist wéi op deenen aneren hiert Material op. Dozou gehéiert och de Respekt virun de schouleschen Infrastrukturen an dem Material, dat d’Schoul eis zur Verfügung stellt. Maache mir awer emol eppes futti, iwwerhuele mir Verantwortung, mellen de Schued a kommen dofir op.

Mir respektéieren deenen aneren hire Besëtz. Mir froen ëm Erlaabnis, éier mir eppes huelen an akzeptéieren, wa mir d’Erlabnis net kréien.

9.     Mir notzen déi digital Medie sënnvoll a begrenzen eis Bildschiermzäit.

Mir benotzen den iPad am Klassesall.

Tëscht de Stonnen an an der Mëttespaus läit den iPad am Schoulsak. Um Ufank vun der Stonn läit en zougeklappt op der Bänk. Den Handy ass am Klassesall aus a sécher am Schoulsak verstaut.

No 14:20 Auer kënne mir den iPad och an der Schoulbibliothéik benotzen.

Mir benotzen am Cours just déi Apps an Internetsäiten, déi eisen Enseignant eis uginn huet.

Fir Toun a Bild opzehuelen, brauche mir explizitt an am Virfeld d’Erlabnis vun all deenen, déi op der Opnam ze gesinn an/oder ze héiere sinn. Mir brauchen eng zousätzlech schrëftlech Erlabnis, fir Opnamen ze verëffentlechen oder weiderzeschécken.

Fir datt mir zu all Moment héieren, wann een eis rifft, lauschtere mir eis Musek an de Pausen esou, dass mir an normaler Lautstäerkt uspriechbar sinn. Aus Respekt virun deenen anere vermeide mir déi ëffentlech Beschallung iwwert Lautsprecher.

Mir benotzen den Handy an der Paus nëmmen, wann et néideg ass, an esou, dass mir nach matkréien, wat ronderëm eis geschitt.

10.     Mir halen eis Schoul propper.

Mir wëllen all an enger propperer Schoul liewen, léieren a schaffen. Mir

hannerloosse kee Knascht a geheien eisen Dreck an d’Poubelle.

Mir passen drop op, dass mir nohalteg liewen. Dozou gehéiert, dass mir Mehrwegverpackungen an ee Waasserbidong (Gourde, z. B. d’Josy Drink Bottle)) benotzen. De verbleiwende Knascht sortéiere mir a geheien en an déi dofir virgesinne Poubellen.

Mir raumen de Klassesall, éier mir e verloossen, setzen d’Bänke riicht an d’Still bäi. Si mir déi Lescht, déi de Sall benotzen, setze mir zousätzlech alleguer d’Still op d’Bänken, maachen d’Fënsteren zou a kontrolléieren, ob de Beamer, de Bildschierm an all d’Computeren aus sinn. An de Spezialsäll kënnen d’Reegelen ofwäichen. Dofir hale mir eis un d’Richtlinne vun de jeeweilege Säll. Mir iessen an drénke just op deene Plazen, déi dofir virgesi sinn. Dës Plaze sinn ausschliisslech um Rez-de-chaussée. Wa mir op de Gäng an an de Klassesäll ënnerwee sinn, ass eist Iessen an eist Gedrénks sécher an eisem Kuerf verstaut.

Am Klassesall drénke mir exklusiv platt Waasser aus engem Bidon, wa mir duuschtereg sinn. An de Spezialsäll wéi z. B. den Infossäll bleift eise Bidon am Kuerf.

11.     Mir doen eis dem schoulesche Kader entspriechend un.

Als Member vun der Schoulgemeinschaft vum LJBM ënnerscheede mir tëscht Fräizäit- respektiv Sportskleedung a Schoultenue. Fir an d’Schoul doe mir eis deementspriechend anescht un ewéi an eiser Fräizäit.

Den Jogging an/oder d’Leggings passen an de Sportunterrecht an an eis Fräizäit.

Am Schoulgebai di mir d’Kap an all Kappbedeckung, déi kee reliéisen

Hannergrond huet, aus.

12.     Mir passen op eis Gesondheet an d’Ëmwelt op.

Mir ernären eis gesond, beweegen eis genuch a respektéieren eise Schlofbedarf. Dofir si mir fit an der Schoul an am Alldag.

Aus Respekt virun eis an eiser Gesondheet verzichte mir op schiedlech Substanzen. Tubak, Alkohol an illegal Rauschmëttel sinn am Gebai selwer, an der Enceinte vum Lycée a wärend sportlechen Aktivitéiten a Sortie verbueden. Mir respektéieren d’Natur an alle Formen, an deenen si eis am Schoulalldag begéint, a versichen eisen negativen Impakt op eis natierlech Ëmwelt esou kleng wéi méiglech ze halen.

Mir all hunn eng Verantwortung géigeniwwer eis selwer a géigeniwwer der Schoulgemeinschaft. Verstousse mir géint déi gemeinsam Reegelen, droe mir d’Konsequenzen an akzeptéieren déi disziplinaresch Sanktiounen, déi virgesi sinn.

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes