Mir wënschen all eise Schüler, eisen Enseignanten, eisem gesamte Personal an alle Frënn vum LJBM eng schéin an erhuelsam Summervakanz.
De leschte Freideg war d’Diplomfeier bei eis am LJBM, e feierlechen Ofschloss a Präsenz vun eisen Éieregäscht, dem Här Gilles Roth, Finanzminister, an dem Här Tom Muller, Direkter vum Service de la formation professionnelle. No enger Begréissung duerch eisen Direkter …
Déi national Aschreiwungsdeeg sinn de 16., 17. an 18. Juli. Den LJBM huet eng ganz interessant Offre scolaire, virun allem am Beräich vun de Wëssenschaften an am Beräich Bauwiesen (d’Formatioune mat * ginn et just bei eis am LJBM). Am …
Als Ofschloss vum Joer sinn all eis 2C- an 2G-Klassen an de ScienteensLab gaangen. D‘Schüler konnte sech individuell fir 1 vun 3 Atelieren entscheeden: Solarzellen, Computer Science oder Kryptographie. Am Solaratelier krute si erklärt, wéi e PN-Iwwergang funktionéiert a wéi …
En Dënschdegowend hunn eng 100 Schüler op der LJBM Party den Ofschloss vum Schouljoer gefeiert. Zu de Beats vum Funkmaster J gouf fläisseg gedanzt. Op enger Tëlee konnten d’Fussballfans ëmmer luussen, wéi et op der EM grad ausgesäit. A fir …
Nyx a Kirby, sou heeschen déi zwee Axolotlen, déi d’Schüler vun der 6G1S am Kader vun hirem fachiwwergräifende Projet an den Naturwëssenschaften an dem Makerspace e Freideg an hiren neien Aquarium gesat hunn. Nodeems d’Schüler sech als éischt iwwert déi …
D’Schüler vun de Klasse 6GS1, 6G3 a 6G4 hunn dëst Joer am Kader vun hirem Geo-Cours eng Sensibiliséierungscampagne zum Theema Fairtrade bei eis an der Schoul organiséiert. An enger Ausstellung hu si d’Produktiounskette vu Schockela, Palmueleg a Bamwoll méi genee ënner d’Lupp geholl hunn. Si hunn eng Ëmfro zum Konsumverhale vun de Jugendlechen am Textilberäich bei eis am Gebai lancéiert a probéiert, op d’Niewewierkunge vu ”Fast Fashion” opmierksam ze …
D’Schüler vun eise Klasse 5G1S, 5G2, 5G4, 5G5, 3CC, 3C-URBS an 3C-COMED haten e Freideg, de 5. Juli, d’Méiglechkeet, sech op d’Spuere vun enger vun de markantste Schluechten aus dem 1. Weltkrich ze beginn, an zwar zu Verdun. Um Programm …
Den 8. Juli huet d’6G1S am Kader vum Geschichtscours en Ausfluch an d’Stad gemaach. Fir d’éischt hunn d’Schüler mat den Enseignanten d’Bockkasematte visitéiert. Duerno si si gemittlech de Circuit Vauban getrëppelt. No enger Stäerkung an enger Paus am Gronn goung …
Eis 7G scientifique war als Ofschloss vun dësem spannenden 1. Joer am Lycée leschte Freideg an de Science Center op Déifferdeng. D’Schüler krute moies eng flott Show gebueden, wou si méi iwwert d’Theema Optik gewuer gi sinn: Vu siichtbar an …