Diplomiwwerreechung

Publié le 16/07/2024

De leschte Freideg war d’Diplomfeier bei eis am LJBM, e feierlechen Ofschloss a Präsenz vun eisen Éieregäscht, dem Här Gilles Roth, Finanzminister, an dem Här Tom Muller, Direkter vum Service de la formation professionnelle. No enger Begréissung duerch eisen Direkter Claude Christnach an enger motivéierender Ried vum Här Roth, deen eisen Absolventen de “Carpe diem” un d’Häerz geluecht a si opgefuerdert huet, déi Chancë vun dësem Diplom ze notzen, koum e kuerzen humoristesche Réckbléck vu Schülersäit op dat vergaangent Joer. Dunn, no engem musikaleschen Intermezzo, deen d’Gäscht am ganze Sall matgerappt huet, war endlech de grousse Moment do: D’Kandidate kruten hiren Diplom an de Grapp. An no der Remise vun den Ofschlossdiplomer kruten och nach déi beschte Schüler en Diplôme d’excellence iwwerreecht, ier eis zoukënfteg Ancienen ënnert dem Applaus vun alle Gäscht de Festsall verlooss hunn. Mir gratuléieren nach eemol ganz häerzlech a wënschen hinnen nëmmen dat Bescht fir hire weidere Wee! E grousse Merci geet un all eis Partner, déi eis bei dësem flotte Moment ënnerstëtzt hunn.

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.