De 25.3. waren d’Schüler vum Theatergrupp eng ganz interessant Visitt vum Centre culturel Kinneksbond hei zu Mamer maachen. Do konnte si e Bléck hannert d’Kulisse werfen: Si stoungen net just op der Bün, mee och drënner, driwwer an hannendrun. Si …
Am Kader vum Concours “Respekt!?“, dee vum aktuelle « Projet d’établissement » lancéiert ginn ass, hunn d’Schüler vun der 7G4 zesumme mat hire Regenten an hirem Sportsproff Enn Mäerz een Dodgeball-Turnéier fir d‘7G- a 7C-Klassen organiséiert. D’Zil war et, e …
Hei e puer Impressioune vun eise Schüler vun der 6G1S (S fir scientifique), déi an eiser Optioun “Wëssenschaften” d’Méiglechkeet hunn, fir selwer ongeféierlech Experimenter duerchzeféieren an esou direkte Kontakt mat de Sciencen ze kréien. Dir wëllt méi iwwert eis Scientifiquesklasse …
Am Kader vun der Campagne “Réagis” vum LRC (Luxembourg Resuscitation Council) a ganz no dem Motto “E Geste, dee Liewe rett” hunn d’Schüler vu 4e an 2e och dëst Joer nees liewenswichtegt Wëssen opgefrëscht. Si hunn nach eemol trainéiert den …
Enn Mäerz hunn eis Schüler vun de Klassen 2GIG an 2GA3D hannert d’Kulisse vum Lëtzebuerger Radio- an Televisounsbetrib gekuckt. Si duerften an déi verschidde Studioen eraluussen a konnten dobäi och e Bléck op déi opwenneg Liicht- an Tountechnik werfen. Vum …
An nach eng sportlech Aktivitéit war en Donneschdeg, den 21.3., am Kader vun der Lasel; nämlech de Championnat an der Gymnastique artistique fir non-affilié(e)s, deen am LTL zu Esch-Lalleng stattfonnt huet. 2 Schülerinnen aus dem LJBM waren ageschriwwen an hu …
Den 21.3. huet zu Mamer eng grouss Mountainbike-Randonnée mat ronn 100 Schüler aus verschiddene Lycéeë stattfonnt. Den LJBM war mat 19 Schüler ganz staark vertrueden. Eis Sportler hunn alleguer bei schéinem Wieder e flotten Nomëtten um Vëlo verbruecht.
Och dëst Joer gouf am LJBM den traditionellen Ouschterlaf fir all eis 7e-Schüler organiséiert, bei deem si 30 Minutte fir e gudden Zweck gelaf sinn. Den Erléis gëtt dëst Joer un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent. All de Schüler, déi gelaf …
Eis 2GIG an eis 2GA3D ware mat hiren Enseignanten, der Madamm Dohn, dem Här Majerus, dem Här Dondelinger, dem Här Hermes an dem Här Sabus vu Mamer aus op de Reebierg. Well den LJBM an de Reebierg mat enger Vëlospiste …
D’Schüler vun eiser Klass 3GPS2 hunn an hirem leschte Biologie-TP virum obligatoresche Stage zesumme mat hire Biologiesenseignante Madamm Krier an Här Krischler geléiert, wéi ee Beem richteg veredelt. Si hunn an dësem TP déi 3 Veredelungstechniken („Okulation“, „Kopulation“ a „Propfen“) …