BTS Topographie LJBM 2022

Publié le 21/11/2022

E Réckbléck: Kuerz virum Summer hat d’BTS-Equipe « Bâtiments et infrastructures » vum LJBM am Fach Topographie den Optrag de Schrëftzuch « LJBM » a Groussbuschtawe vum Format 60 x 25 Meter op d’Wise laanscht de Vëloswee beim Lycée ze schreiwen. 😀
D’Aarbecht vun der Ofstiechung gouf klassesch mat Hëllef vun topographeschen Tachymeter realiséiert. Heibäi war eng theoretesch Prezisioun am Millimeter-Beräich z’erwaarden. 🧐 Fir déi sëllege Punkte polar, d.h. mat Hëllef vu Strecken- a Wénkelkoordinaten ofzestiechen, gouf e lokaalt Koordinatesystem definéiert. Duerno gouf mat Hëllef vun den neien DGPS-Instrumenter eng Kontrollmiessung duerchgefouert.
Dat preziist Resultat, wat bei dësem Exercice erreecht gouf, an de souveränen Ëmgang mat den Instrumenter hunn d’Kompetenz vun der BTS-Equipe vu leschtem Joer am Fach Topographie ënnerstrach. 👏😊

 

 

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.