Option Makerspace 7C

Publié le 29/11/2022

Ob an der Mëttespaus oder doheem mat der Famill a Kolleegen; mat engem Brietspill huet een iwwerall seng Freed! D’Schüler vun der 7C3 hunn sech dofir an der Optioun „Makerspace“ mat modernen Techniken ausernee gesat a klassesch Brietspiller hiergestallt! Si hunn hir Këscht missen dräidimensional mat Hëllef vun enger App um iPad zeechnen an dono mam Lasercutter aus Holz erausschneiden. Mam 3D-Drucker goufen dunn déi passend selwer entworfe Spillfiguren erausgedréckt.

Hues och du Loscht esou e Projet als Activité parascolaire ze maachen? Da komm bis laanscht an de Makerspace a schreif dech hei an!

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes