2 Championen am Cross-Duathlon

Publié le 11/11/2022

De 27.10. hunn eng Partie Schüler aus dem Lycée Josy Barthel Mamer mat vill Erfolleg zu Réiden um Championnat am Cross-Duathlon deelgeholl. Bei de Minimes ouni Lizenz ass de Max Pawlikowski den 8. ginn. Bei deenen affiliéierte Minimes ass den Noah Coimbra de 6. ginn. Bei de Cadets ouni Lizenz ass de Len Delage dee 25. an de Maxime Dessy den 29. ginn. Een éischte Championstitel huet dann de Yannis Lang no enger extrem spannender Course bei den affiliéierte Cadets gemaach. An der selwechter Course gouf den Nils Hendriks dee gudde 6. Ee weideren Titel huet dem Yannis säi Brudder, den David, bei de Juniors/Seniors mat Lizenz gemaach – hien huet mat groussem Virsprong gewonnen. An dëser Course ass de Filip Rolla de 7. ginn. E grousse Bravo fir dës super Leeschtungen! All d’Resultater fannt dir op www.lasel.lu.

 

 

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes