De leschte Mëttwoch hunn eis Schüler vun der 2GIG mat hirem Enseignant an der Physik d’Schallgeschwindegkeet unhand vum Versuch “Kundtsche Röhre” ermëttelt. Heibäi gëtt de Buedem vun engem Glasrouer mat Korkmiel bedeckt. Op engem Enn vum Rouer steet e Lautsprecher, …
D’Biller an de sozialen Netzer waren erschreckend. En Affer op de Knéien, eng Täterin, verbal a physesch gewalttäteg. Ronderëm eng Hellewull aner Jugendlecher, déi ufeieren an alles mat hiren Handye filmen. Jiddereen, deen dës Videoe gesinn huet, war bis op …
Och dëst Joer hu verschidde Klassen aus dem LJBM um “Maach Math” deelgeholl. De Maach Math ass ee Wettbewerb, bei deem déi jeeweileg Klass eng Rei mathematesch Aufgabe gestallt kritt, déi d’Schüler da komplett eleng léise sollen. Dobäi mussen d’Schüler …
D’Schüler aus der 3C-COMED an aus der Optioun Éducation artistique vun de Klassen 3C, 2C an 1C esou wéi der 2GA3D hunn dëst Joer un enger Sensibiliséierungscampagne fir d’Police Lëtzebuerg matgewierkt. Si hunn hir flott Iddien dobäi souwuel a Form …
Réckbléck: E Freideg, den 12.5., war d’Klass 2GA3D a Begleedung vun hiren Enseignantë Mme Strasser an Här Di Stasi op Déifferdeng an de Science Center, fir do zesumme mat Architekte vum OAI an Ingenieuren een Abléck an den Alldag vun …
An de leschte Woche vum Schouljoer leeft d’Weltraum-AG am Kader vun eisem Makerspace. Hei kréien d’Schüler en Abléck an d’Detailer vun der Raumfaart. An der 1. Stonn goufen unhand vun engem Versuchsopbau d’Rakéitentreibsätz analyséiert an d’Kräfte wärend der Zündung gemooss. …
An e weidert super Resultat vun eise Schüler! No der 3. Plaz d’lescht Joer an der 1. Plaz am Joer 2020 hunn d’Anouk (3CL-Comed) ewéi och d’Lena an de Bryan (3CLC) dëst Joer déi 2. Plaz erreecht. Bei dësem Concours, …
Am Kader vun der Optioun “Save our Planet” hunn d’Schüler aus eisen ieweschte Klassen 3 Joer laang (ca. 1100 Aarbechtsstonnen) un enger Etagère geschafft, déi et a sech huet. De Projet ass aus iwwert 150 m² recycléiertem Kartrong entstanen, deen …
Den Summer ass kulinaresch an der LJBM -Kichen ukomm. D’5 AD-Schüler hunn eng lecker Ceasar Salad gezaubert!
Dës Woch vum 5.-11.6. sinn 72 Schüler vun de Klassen 3GIG, 3PS, 3URBS, 3COMED an 3CC mat hiren Enseignanten eng Woch um Stage Nature zu Holzgau am Lechtal (éisträichesch Alpen). An enger wonnerschéiner Landschaft, bléiende Wisen a sonnegem Wieder si …