2. Plaz beim Prix Henri Kugener

Publié le 14/06/2023

An e weidert super Resultat vun eise Schüler! No der 3. Plaz d’lescht Joer an der 1. Plaz am Joer 2020 hunn d’Anouk (3CL-Comed) ewéi och d’Lena an de Bryan (3CLC) dëst Joer déi 2. Plaz erreecht. Bei dësem Concours, deen all Joer vun der Association luxembourgeoise des professeurs de latin et de grec (ALPLG) organiséiert gëtt a bei deem d’Schüler vum Här Batista encadréiert goufen, hunn eis 3 Latinisten autonom ee Video gedréint, an deem si d’Fundamenter vun der franséischer Zeechesprooch op Latäin adaptéiert an iwwersat hunn. De Video riicht sech also un daf oder héiergeschiedegt Persounen, déi déi laténgesch Sprooch entdecke wëllen, mee och u jiddereen, deen Interessi un der franséischer Zeechesprooch huet. Bravo un d’Anouk, d’Lena an de Bryan fir hire Präis a ganz vill Spaass mat hirer Belounung!