Communiqué nom Mobbingvirfall

Publié le 20/06/2023

D’Biller an de sozialen Netzer waren erschreckend. En Affer op de Knéien, eng Täterin, verbal a physesch gewalttäteg. Ronderëm eng Hellewull aner Jugendlecher, déi ufeieren an alles mat hiren Handye filmen. Jiddereen, deen dës Videoe gesinn huet, war bis op d’Déifst erschüttert. An no engem éischte Moment vun Hëlleflosegkeet a Verzweiwlung am Ugesicht vun dëse Biller koum bei villen den Impuls ze handelen, e Kommentar op Facebook ënnert dat Ganzt ze schreiwen. Schnell waren déi éischt Fuerderungen do: D’Täterin ass aus dem Mamer Lycée. D’Schoul muss handelen. Gréngen Dësch. Erausgeheien. Fir ganz vill Leit war déi Geschicht hei eng kloer Affär. A wat d’Biller méi laang online waren, wat d’Fuerderungen ëmmer méi krass gi sinn, bis hin zum Opruff zur Selbstjustiz. Dat kënnt och nach zu sengem Deel! Och déi offiziell Statements vun der Schoul, vun der Police an anere Stelle goufen an der Loft zerrappt. Kee mécht eppes, nëmme Geschwätz. An da kritt een och nach gesot, datt een dës Biller net weiderdeelen dierf. Onerhéiert.

Mee eis Welt ass net schwaarz a wäiss. Se ass oft iergendwéi gro, mol méi, mol manner. Well, wéi sou oft, weisen dës Biller net déi ganz Wourecht, mee just e klengen Deel.

Néirens stoung dobäi, datt et sech ëm e 14järegt Meedchen handelt, wat op 7e am Lycée Josy Barthel Mamer ass an a senger Klass beléift ass. D’Meedchen ass disziplinaresch net wierklech opfälleg a souguer Klassespriecher. Et ass awer e Meedchen, wat säit Méint vun anere Jugendleche gemobbt gëtt. E Mënsch, dee sech iergendwann net méi anescht ze wiere wosst, wéi genau sou z’äntweren an anere genau déi Saachen unzedoen, déi en an deene Wochen a Méint virdrun um eegene Leif erlieft huet. Vu verbaler a physescher Gewalt a verschiddene Formen iwwert d’Bloussstellen op TikTok bis hin zum Ofhuele vun de Suen.

Dat stoung néierens op Facebook. An en aneren Deel vun den Informatioune war och falsch. Et houngen eng Rei Ënnerstellungen am Raum, wéi z. B. den LJBM géif dëst Verhalen toleréieren oder mir géife just eppes ënnerhuelen, well den Drock op Facebook elo méi grouss gi wier.

Genau de Géigendeel vun dëse Virwërf ass de Fall. Mir als Schoul hunn direkt moies, nodeems mir Kenntnis vun dëse Videoe kruten, all néideg Demarchen ergraff an eis hausintern Prozeduren an och d’Zesummenaarbecht mat der Police an eisem Ministère lancéiert. A mir hu säitdeem eis Enquêtë gemaach an alles an d’Weeër geleet, wat mir nëmme konnten. Och de Conseil de discipline aberuff. A mir waren esou transparent, wéi mir dat op der gesetzlecher Basis an am Kader vum Jugendschutz dierfen.

Huet de Lycée d’Meedchen dann elo erausgehäit?

D’Decisioun vum Conseil de discipline bleift confidentiel. Mee de Lycée Josy Barthel Mamer, deem säi Motto “Du, d’Natur an d’Wëssenschaft.” ass, hëlt net op Drock vu baussen eng schnell Entscheedung. A mir huele keng Entscheedung op der Basis vu just engem Deel vun der Wourecht, och wann dat fir verschidde Leit einfach schéngt.

Mir huelen eis Entscheedungen am Wuel vum Mënsch, deen eis uvertraut ass. Den “Du” ass eis wichteg. Mir huelen eis Entscheedung op der Basis vun de Valeure vun eiser Schoulcommunautéit. Mir als Lycée hunn eng pedagogesch Missioun. Bei eis sollen d’Schüler, Är Kanner an eiser aller Zukunft, de Wee zu engem vollwäertege Member vun der Gesellschaft fannen an op deem Wee déi moralesch Wäerter léieren, fir datt si a mir all herno friddlech an der Gesellschaft zesumme liewe kënnen. An zu dëse Wäerter gehéiert och d’Iwwerzeegung, datt ee Feeler maachen dierf, an datt een eng Chance kritt, aus dëse Feeler ze léieren an dorun ze wuessen. Mir hu motivéiert Enseignanten, Educateuren a Psychologen, a mir ginn hei fir all eis Schüler all Dag eist Bescht.

Et kann een nämlech deen einfache Wee goen, oder de richtegen, dee villäicht e bësse méi stengeg a méi wäit ass.

Am LJBM gi mir zesumme mat eise Schüler gären de richtege Wee.