Maach Math

Publié le 20/06/2023

Och dëst Joer hu verschidde Klassen aus dem LJBM um « Maach Math » deelgeholl. De Maach Math ass ee Wettbewerb, bei deem déi jeeweileg Klass eng Rei mathematesch Aufgabe gestallt kritt, déi d’Schüler da komplett eleng léise sollen. Dobäi mussen d’Schüler souwuel d’Opdeelung a Gruppen an d’Organisatioun ewéi och déi eigentlech Léisung vun de Probleemer iwwerhuelen.
Direkt 5 Klassen aus eisem Lycée hunn sech fir d’Finall qualifizéiert, dat heescht si waren ënnert deenen 3 beschte Klassen aus dem Land an hirer Kategorie. D’Finall huet en Donneschdeg stattfonnt a mir gratuléieren eise Schüler fir hir ganz gutt Leeschtungen:
Eis 7G1 scientifique ass an hirer Kategorie op déi 2. Plaz komm, eis 7C3 ass an hirer Kategorie op déi 2. Plaz komm, eis 6G scientifique ass an hirer Kategorie op déi 2. Plaz komm, eis 6G3/4 (Grupp cours avancé) ass an der selwechter Kategorie op déi 3. Plaz komm an eis 5G1 scientifique ass an hirer Kategorie op déi 2. Plaz komm. Felicitatiounen!

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.