Makerspace Weltraum AG

Publié le 14/06/2023

An de leschte Woche vum Schouljoer leeft d’Weltraum-AG am Kader vun eisem Makerspace. Hei kréien d’Schüler en Abléck an d’Detailer vun der Raumfaart. An der 1. Stonn goufen unhand vun engem Versuchsopbau d’Rakéitentreibsätz analyséiert an d’Kräfte wärend der Zündung gemooss. Ier d’Schüler awer hir éischt Rakéite kënne fléie loossen, hunn si och nach un engem Fallschierm gebastelt, fir dass d’Rakéit erëm sécher lande kann.