Policecampagne géint Oflenkung am Verkéier

Publié le 19/06/2023

D’Schüler aus der 3C-COMED an aus der Optioun Éducation artistique vun de Klassen 3C, 2C an 1C esou wéi der 2GA3D hunn dëst Joer un enger Sensibiliséierungscampagne fir d’Police Lëtzebuerg matgewierkt. Si hunn hir flott Iddien dobäi souwuel a Form vu Poustere wéi och vu Videoe realiséiert, fir d’Autofuerer a generell jiddereen, deen um Stroosseverkéier deelhëlt, op d’Gefore vun der Oflenkung opmierksam ze maachen. Verschidde Schüler hunn dësen Exploit dobäi am Kader vum « Blended Learning » u verschiddenen Deeg vum Schouljoer vun doheem aus geleescht a gewisen, dass si autonom a selbstbestëmmt schaffe kënnen.
Besonnesch houfreg si mir als Lycée, dass d’Police Lëtzebuerg aus deene ville flotten Iddien a Realisatioune vun eise Schüler de Pouster vum Lisa A. (2CLC) an de Video vum Siria G., Fábio M. a Léa Z (allen 3 vun der 3C-COMED) ausgewielt huet, fir an den nächste Wochen a Méint domat fir dat wichtegt Thema vun der Distraktioun ze sensibiliséieren. E grousst Luef geet un alleguer eis Schüler an och d’Enseignanten, déi am Kader vun dësem flotte Projet eng super Aarbecht geleescht hunn!

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.