De leschte Freideg war bei eis am LJBM eng Foire des sections et des métiers. Eng ganz Rei extern Partner, dorënner d’Maison de l’Orientation, d’Lëtzebuerger Arméi, Sales Lentz, d'[LU:NEX] International University of Health, Exercise & Sports, d’Administration de la Nature …
Asaz fir e gudden Zweck. Virun der Vakanz hu Schüler vun der 5C1 a 5C3 Jutebeutelen gestéckt fir den Ouschterbasar. Am Kader vun dësem Basar huet och e flotte Virtrag stattfonnt. Invitéë waren de Rémi Fabbri, Direkter vum Service ‘Aide …
Eng sëlleg Schüler hu mat der Ënnerstëtzung vum Schülercomité an dem Däitschdepartement een Charity-Basar op d’Been gestallt, bei deem ganzer 2445 Euro zesummekomm sinn. Den Erléis aus enger Rei selwergemaachen Objeten a Schneekereien geet integral zugonschten vun engem Hëllefsprojet an …
Hei e flotte Reportage vun RTL iwwert de Pit, ee vun eise Schüler, deen elo mam Mérite Jeunesse Gold amgaangen ass. 👏😊 https://www.rtl.lu/tele/de-magazin/v/3285779.html
Den 31. Mäerz hunn 9 Schüler den LJBM trotz Reen a Bulli méi wéi anstänneg zu Mamer op der Drëps vertrueden. Mir hunn zwar dës Kéier keen Champion gemaach, trotzdeem waren d’Resultater ganz éierbar. Dir kënnt déi eenzel Plazéierungen op …
De Schülercomité huet am Mäerz ganz aktiv am Makerspace geschafft. Si hu Fändele fir hire Basar zu Gonschte vun der Ukrain gebitzt.
An och d’6P1 an d’6P2 hu flott Ouschtereeër fir eisen Ouschterbasar gebastelt. Sie ware Feier a Flam fir e flotten a kreative Bäitrag ze leeschten. Den Erléis ass fir d’Ukrain.
D’Ouschterstëmmung hat de Wee och an eise Kichenatelier fonnt, wou eis Accu-Schüler lecker Kichelcher gebak hunn.
Nodeems si sech mam Thema “Gesond Ernärung” auserneegesat hunn, hunn d’Schüler aus der 6P1 ee Brunch mat regionalen a saisonale Produite virbereet. Duerno hu si hir Kolleegen aus der 6P2 agelueden, fir gemeinsam z’iessen. Zesummen hu si e flotte Moment …
D’Schüler vun der 1TPGC2 haten e Freideg, 25. Mäerz, en interessanten Echange mam Felix, engem jonken Architekt. De Felix ass e fréiere Schüler vum LJBM aus der Sektioun « Génie Civil ». Hien huet dono Architektur studéiert an ass säit …