Echange mat engem « Ancien » vum LJBM

Publié le 01/04/2022
D’Schüler vun der 1TPGC2 haten e Freideg, 25. Mäerz, en interessanten Echange mam Felix, engem jonken Architekt. De Felix ass e fréiere Schüler vum LJBM aus der Sektioun « Génie Civil ». Hien huet dono Architektur studéiert an ass säit e puer Joer an der Aarbechtswelt aktiv. Unhand vu verschiddene Projeten, un deenen hien de Moment bedeelegt ass, huet de Felix de Schüler d’Vilfalt vum Beruff Architekt/Bauleiter präsentéiert an huet och zum Studium Äntwerten a Rotschléi konnten ginn. De Felix ass President vun der AAALJBM, der Association des Anciens et Amis du LJBM, déi ëmmer bereet ass hir Erfarungen un déi aktuell Schüler weiderzeginn.

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes