D’Europadeputéiert Tilly Metz war e Freideg, den 29. Abrëll, op Besuch am LJBM an huet eisen 2e-Schüler vun hirem Alldag ronderëm d’Europaparlement gezielt. D’Schüler hunn hei e ganz interessanten Abléck op d’Aarbecht vun eise Lëtzebuerger Europadeputéierte kritt. Nieft enger Rei Froen, …
Vum 2. bis de 4. Mee war och den LJBM op der nationaler Schoulfoire YEP mat engem Stand vertrueden, fir seng komplett Offre scolaire am ESC, ESG an an der Beruffsausbildung virzestellen. Mir soen all de Visiteuren, déi sech fir …
Héich am Norden, ëmgi vu Wand a Mier, hunn eis Schüler vun der 2CC an 3CC ee ganzt speziellt Biosphärenreservat erfuerscht. Vum 19. bis den 23. Abrëll ware si op e Stage écologique, fir d’Wattemier a weider Liewensraim op der …
E puer Méint nom drëtten Treffe vum “Erasmus+”-Projet zu Skara a Schweden ware fënnef 2e-Schüler aus dem LJBM zesumme mat hire Professere vum 24. bis den 30. Abrëll zu Baza a Spuenien ënnerwee, wou si mat Delegatiounen aus Spuenien, Däitschland, …
De Kulturrallye 2022 huet et de Schüler vun der 6P2 erlaabt, an de Casino d’Ausstellung THE EVERTED CAPITAL vun den Artiste Fabien Giraud a Raphaël Siboni kucken ze goen. D’zäitgenëssesch Konscht huet si un d’Nodenke bruecht an och den Atelier …
Den 22. an 23. Abrëll war et endlech nees souwäit: De Lycée Josy Barthel huet seng Dieren fir all Interesséierter grouss opgemaach. Et konnt ee sech individuell am Festsall oder am Grupp bei enger Visite guidée iwwer déi divers Offeren …
Am Kader vum Kulturrallye waren d’Schüler aus der 6P1 an d’Rotonden an hunn do d’Beruffer vum Luuchten- an Tountechniker méi genau ënnert d’Lupp geholl. Dobäi konnte si e Bléck hannert d’Kulisse werfen. Zum Schluss hu si mat engem “Actionbound” d’Rotonden …
Eise Lycée war en Donneschdeg virun der Ouschtervakanz mat 3 Schüler um Lasel-Championnat am Turnen vertrueden. Bei den ‚Filles Minimes‘ huet d’Alexia Zeyen eng ganz gutt 17. Platz erreecht vun insgesamt 22 Turnerinnen. Bei den ‚Garçons minimes‘ hunn de Sven …
Hei ass e weidere flotte Reportage vum RTL am Kader vum Mérite Jeunesse. Dës Kéier geet et ëm de Luca Colling, dee mir all gutt kennen duerch säin onermiddlechen Asaz am LJBM-Schülercomité an och op nationalem Niveau an der CNEL. …
Wousst Dir, dass eng Buermaschinn nëmmen 12 Minutten an hirem Liewe gebraucht gëtt? Dass mir all Woch Mikroplastik an der Gréisst vun enger Kreditkaart iessen? Oder dass d’Lëtzebuerger 1 Millioun Handyen doheem leien hunn, déi se net gebrauchen? 😳🤔 Da …