Stage écologique Borkum

Publié le 06/05/2022

Héich am Norden, ëmgi vu Wand a Mier, hunn eis Schüler vun der 2CC an 3CC ee ganzt speziellt Biosphärenreservat erfuerscht. Vum 19. bis den 23. Abrëll ware si op e Stage écologique, fir d’Wattemier a weider Liewensraim op der ostfriesescher Insel Borkum méi genau ënnert d’Lupp ze huelen. Um Terrain, ma och an ënnerschiddleche Statiounen am Labo, hu si déi ganz speziell Upassunge vun de Liewewiesen un dës Liewensraim kennegeléiert.

Trei nom Motto „Du, d’Natur an d’Wëssenschaft“ haten si awer och Zäit fir Teambuilding op der Kloterwand an e flotten Owend op der Keelebunn.

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes