Erasmus+ Baza
Publié le 06/05/2022E puer Méint nom drëtten Treffe vum « Erasmus+ »-Projet zu Skara a Schweden ware fënnef 2e-Schüler aus dem LJBM zesumme mat hire Professere vum 24. bis den 30. Abrëll zu Baza a Spuenien
ënnerwee, wou si mat Delegatiounen aus Spuenien, Däitschland, der Belsch a Schweden eng ganz intensiv, flott an interessant Woch verbruecht hunn. Ënnert dem Motto « Face the past – Change our future » hu si sech an der Pedro Jiménez Montoya Schoul zu Baza ënnert anerem mat der Geschicht vum spueneschen Zivilkrich an der Franco-Zäit a Spuenien beschäftegt. Wuelverstane stoungen nieft der intensiver Aarbecht och verschidde flott Aktivitéiten um Programm, wéi en historesche Rallye duerch d’Staat Baza, e Film iwwert de spueneschen Zivilkrich, d’Visitt vum Arméimusée zu Almeria oder e flotte Kayaktour am Negratinreservoir.

