Den 19. Mee sinn 9 Schüler aus dem LJBM mat op Iechternach gefuer fir un der LASEL-Aktivitéit “Ronderëm de Séi” deelzehuelen. Ënnert iwwer 600 Schüler huet den Nathan Carré et fäerdeg bruecht, als Drëtten mat op de Podium ze klammen. …
D’Klass 2CG URBS-COMED organiséiert, no hirer Klasserees op Florenz am Kader vum Architektur-Cours, eng Soirée architecturale. Bei dësem Event presentéieren e puer Architektur-Professeren aus dem LJBM jeeweils 1 Bauwierk bannent 6 Minutten a bréngen hir Passioun sou zum Ausdrock. D’Soirée …
Les préparations pour l’option « Robotique » en classe de 5e scientifique avancent à grands pas. Nous avons hâte de tester les nouveaux sets Spike Prime Education. Ce projet est soutenu par le Fonds National de la Recherche, Luxembourg (FNR).
Am Kader vun hirem Cours “Sécurité de chantier” hat d’Klass B2BI vum BTS “Bâtiments et infrastructures” mat hirem Enseignant, dem Här Robert Lisi, d’Geleeënheet sech déi nei CFL-Bréck iwwert d’Autobunn A3 unzekucken. Dës Bréck vum Typ “bow string” ass eng …
De 4. Mee huet den Här Romain Heintz vun hoergeschaedigt.lu eise Schüler vun der 4GPS, 3GPS, 3CC/B, 3CG-COMED/URBS a 6C3 am Festsall e Virtrag iwwert d’Gebäerdesprooch gehalen. No engem theoreteschen Deel, an deem déi alldeeglech Kommunikatioun vun engem Dafen am …
De Kulturrallye huet de Schüler aus der 6P1 erméiglecht, an der Cinémathèque e Bléck hannert d’Kulissen ze werfen an sou d’Technik vun der Filmgeschicht besser kennenzeléieren. Zum Schluss konnten déi Jonk un der Projektioun vum Stommfilm ‘One Week’ vum Buster …
De leschte Freideg war um EduPôle zu Walfer d’Präisiwwerreechung vun der 4. Editioun vun der Lëtzebuerger Philosophieolympiad, bei där 2 vun eise Schüler eng Auszeechnung fir hir aussergewéinlech Leeschtung kruten: D’Alessia Bingen vun der 1CG COMED krut eng “Mention honorable” …
Den 8. Mäerz waren d’Schüler vun der 1CC an 2CC zesummen um Belval an de Scienteens Lab – de Labo fir Jonker – vun der Uni Lëtzebuerg. Béid Klassen haten e prakteschen Atelier, an deem se mat sophistiquéiertem Labomaterial experimentéiert an déi wëssenschaftlech …
E Freideg, den 22. Abrëll, waren d’Schüler vun der 3e URBS de ganzen Dag duerch d’Éislek ënnerwee, fir um Terrain déi verschidden geologesch Schichten ze studéieren an z’analyséieren. Synclinal, Anticlinal, Ripplemarks, Schieferung, Diaklasen, Rutschharnisch, Thanatocénose… – e puer vu villen …
De 5. Mee huet zu Mamer eng grouss Mountainbike-Randonnée mat 80 Schüler aus 10 verschiddene Lycéeën stattfonnt. Den LJBM war mat 7 Schüler vertrueden, déi alleguer bei schéinstem Wieder ee flotten Nomëtten um Vëlo verbruecht hunn.