Scienteens Lab 2022

Publié le 12/05/2022

Den 8. Mäerz waren d’Schüler vun der 1CC an 2CC zesummen um Belval an de Scienteens Lab – de Labo fir Jonker – vun der Uni Lëtzebuerg. Béid Klassen haten e prakteschen Atelier, an deem se mat sophistiquéiertem Labomaterial experimentéiert an déi wëssenschaftlech Demarchë praktesch ëmgesat hunn. D’Schüler waren immens interesséiert a begeeschtert an hu super geschafft.