4. Editioun Philosophie Olympiade – Pit Gaspar, nationale Gewënner

Publié le 13/05/2022

De leschte Freideg war um EduPôle zu Walfer d’Präisiwwerreechung vun der 4. Editioun vun der Lëtzebuerger Philosophieolympiad, bei där 2 vun eise Schüler eng Auszeechnung fir hir aussergewéinlech Leeschtung kruten: D’Alessia Bingen vun der 1CG COMED krut eng “Mention honorable” fir säi besonnesch gudden Essay an de Pit Gaspar vun der 2CG URBS huet et souguer gepackt, fir als nationale Gewënner aus der Competitioun erauszegoen.

De Pit huet elo d’Chance fir vum 26. bis de 29. Mee fir Lëtzebuerg op der internationaler Philosophieolympiad zu Lissabon unzetrieden.

Mir gratuléiere voller Stolz eise Schüler fir hir remarkabel Leeschtung an drécken dem Pit ganz fest d’Daume fir seng Participatioun op der internationaler Philosophieolympiad!

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes