Gitt an de MUD!
Publié le 29/04/2022Wousst Dir, dass eng Buermaschinn nëmmen 12 Minutten an hirem Liewe gebraucht gëtt? Dass mir all Woch Mikroplastik an der Gréisst vun enger Kreditkaart iessen? Oder dass d’Lëtzebuerger 1 Millioun Handyen doheem leien hunn, déi se net gebrauchen? 😳🤔 Da gitt an de MUD!
D’Schüler vun der A3D waren an de Musée de déchêts (MUD: #https://www.lcce.lu) an hu sech informéiert, geléiert, geschafft a sech gewonnert, wat d’Mënschen alles mat hirem Offall kënne maachen: aus Orangëschuele Luuchten, aus Champignone Kartong… Bleift intresséiert, mir sinn all een Deel vum Kreeslaf.