D’Schüler hu kleng ukrainesch Fändele verkaf fir unzespéngelen an esou d’Solidaritéit mat der Ukrain auszedrécken. Am Ganzen sinn esou 1450 Euro zesummekomm, déi un d’Caritas gespent ginn.
Als Optakt fir eisen Ouschterbasar dëse Freideg, 1. Abrëll, zugonschte vun den ukrainesche Flüchtlingen, hunn d‘4C1, 4C2 a 4TPGC1 zesumme mam Schülercomité e Signal géint de Krich a fir de Fridden an der Ukrain gesat. E grousse Merci un eis …
Vun eiser 3CB hunn 2 Ekippen un der European Statistics Competition, organiséiert vum Statec deelgeholl. Déi zwou Ekippen si jeeweils 3. a 7. ënner 31 Equippen an hirer Altersklass ginn. D’Ekipp STA-TICTAC, déi aus dem Misael Ramos, dem Lea Beissel …
Um LASEL-Championnat hunn dës Woch zwou Ekippen eise Lycée am Volleyball bei de Minimes vertrueden. Merci dem Victoria, Len, Tyléo an Alex, déi déi gutt 9. Plaz gemaach hunn, an dem Leila, Anida an Danis Gratulatioun fir déi éischte Plaz …
D’Schüler vun der 1ère Génie Civil hunn de Freideg, 18. Mäerz, eng interessant Visitt vum Chantier vun der Mamer Kläranlage gemaach. Den Här Trompette an d’Mme Fey, Bauleiter vun der Firma Tralux, hunn hinnen dësen aussergewéinleche Chantier präsentéiert a vill …
De Minister Claude Turmes huet e Mëttwoch, den 16.3.2022, eisen 2e- a 1re-Schüler am Festsall ee ganz interessanten an informativen Virtrag iwwer Energie a Landesplanung gehalen. Och wann et am Moment vill grouss Problemer an Erausfuerderunge ginn, ass et awer …
Dës Woch kruten eis Klassen vun zwou PhD-Studentinnen aus dem Luxembourg Institute for Health (LIH) e Virtrag zur Wëssenschaft am Allgemengen an zur Kriibsfuerschung am Spezielle gehalen. Mir goufe gewuer, dass d’Ägypter déi éischt waren, déi de Kriibs als Krankheet …
Fir d’Nohaltegkeet am Makerspace ze fërderen, hunn d’Schüler aus dem Makerspace (7ième, 6ième & 4ième) eng Recycling-Këscht gebaut. Nom Plangen ass d’Këscht am 3D um iPad (Shapr3D) gezeechent a mat Mixed reality (MR) projezéiert ginn. D’Holz huet den Holzatelier op …
Um Dënschdegmoien hunn d’Schüler aus den Däitschmodulle 5 a 6 vun den éischte Sonnestrale profitéiert, fir zesumme mat hiren Titulairen, der Madamm Biver an der Madamm Lunkes, de Wenzelswee an der Stad ze trëppelen. Dobäi sinn si vill interessant Detailer …
No laanger Zäit war et lescht Woch endlech nees esouwäit! Dat drëtt Treffen vum “Erasmus+”-Projet konnt stattfannen! Fënnef 2e-Schüler aus dem LJBM waren zesumme mat hire Professeren vum 14. bis den 20. November zu Skara a Schweden ënnerwee, wou si …