Dës Woch kruten eis Klassen vun zwou PhD-Studentinnen aus dem Luxembourg Institute for Health (LIH) e Virtrag zur Wëssenschaft am Allgemengen an zur Kriibsfuerschung am Spezielle gehalen. Mir goufe gewuer, dass d’Ägypter déi éischt waren, déi de Kriibs als Krankheet erkannt haten, a wou d’Kriibsfuerschung aktuell drun ass. Zum Schluss hu mer nach a Gruppen Memes zur Wëssenschaft erstallt, déi déi zwou Fuerscherinnen mat an de Labo geholl hunn, fir dee beschten ze kréinen.