Erasmus + a Schweden

Publié le 22/11/2021
No laanger Zäit war et lescht Woch endlech nees esouwäit! Dat drëtt Treffen vum “Erasmus+”-Projet konnt stattfannen! Fënnef 2e-Schüler aus dem LJBM waren zesumme mat hire Professeren vum 14. bis den 20. November zu Skara a Schweden ënnerwee, wou si mat Delegatiounen aus Spuenien, Däitschland, der Belsch a Schweden eng ganz intensiv, flott an interessant Woch verbruecht hunn. Ënnert dem Motto „Face the past – Change our future“ hu si sech an der Katedralskolan zu Skara ënnert anerem mat der Geschicht vum Sámi-Vollek an der Entwécklung an der Duerstellung vun der schwedescher Geschicht an diverse Muséeë beschäftegt. Wuelverstanen stoungen nieft der intensiver Aarbecht och verschidden Fräizäitaktivitéiten, wéi e Besuch vun der Haaptstad Stockholm, e Rendez-vous mat den Elchen oder e flotten Tour op der Schlittschongpist um Programm.

 

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes