Passend zur Saison hunn d’ACCU-Schüler d’lescht Woch eng lecker Äppeltaart gemaach!
Den 12. Oktober sinn 2e- an 3e-Schüler aus der Optioun “Life Science” op d’Schlammwiss gefuer, fir do dat gréisste Schilfgebitt vum Land z’entdecken. Se kruten d’Beréngungsstatioun gewisen an Techniken, fir d’Villercher ze fänken a se direkt dono nees ze befreien. …
De Kichenatelier krut eng helle Wull Geméis aus dem LJBM-Gaart. D’Schüler vun de 7P-Klassen hunn haut doraus eng gesond Zopp gekacht!
D’Populatioune vun den ënnerschiddleche Wëllbeien-Aarten huele säit Joren of, well se mat Pestiziden, Nahrungs- a Nistplatzmangel ze kämpfen hunn. Fir dësem leschte Problem entgéintzewierken, hu Schüler vun der 6GS1 am Schouljoer 2021-2022 kleng Insektenhoteller gebaut. D’Holz dofir krute mir gratis …
D’Schüler vun der 6C2 ware ganz erstaunt, wéi si entdeckt hunn, datt de Josy Barthel net nëmmen en Toppsportler war. Seng Ambitioun huet hien och schoulesch wäit bruecht, de Josy Barthel war e renomméierten Ingénieur chimiste. Hien huet herno an …
Eis 5G entdeckt de Lego Spike Prime an huet vill Spaass beim Bauen an Tüftelen. Gläichzäiteg hëlt och eng Ekipp vum LJBM Makerspace un der Lego First League deel. Mir si scho fläisseg um Trainéieren. E grousse Merci un de …
De 6. Oktober si 6 Schüler fir den LJBM an der Staffel op eng 10. Plaz gelaf. Mat dobäi waren de Filip Rolla, den Homayon Nawrozy, de Bilal Amiri, den Nathan Carré, de Levi Dos Reis an den Damien Jacques. …
Wuff! Ech sinn d’Rosie, eng léif Leonbergerin vun 18 Méint, wat den 10. Juli 2022 offiziell zum Besuchs- an Therapieassistenz-Begleithond ginn ass. A geschwë ginn ech zum pedagogesche Begleithond, d. h. zum Schoulhond, soubal meng Meeschtesch an ech de leschten …
D’Schüler vun der 5G1S konnten am Kader vun der Optioun “Wëssenschaften” an der Biologie d’Beien hautno erliewen. Hei e puer Fotoe vum éischte Grupp mam Imker Georges Gidt. Hien huet hinne voller Begeeschterung e puer Beiestäck gewisen. Et goufe vill …
All eis 7e-Klassen huelen un enger Team-Building-Aktivitéit deel, bei där sech d’Schüler an d’Enseignantë besser kenne léieren. Hei e puer Impressioune vun der 7G2, déi bei sonnegem Hierschtwieder e ganz flotten Dag ënnert dem Motto „Agir en symbiose dans la …