Rosie, Besuchs- an Therapieassistenz-Begleithond

Publié le 17/10/2022

Wuff! Ech sinn d’Rosie, eng léif Leonbergerin vun 18 Méint, wat den 10. Juli 2022 offiziell zum Besuchs- an Therapieassistenz-Begleithond ginn ass. A geschwë ginn ech zum pedagogesche Begleithond, d. h. zum Schoulhond, soubal meng Meeschtesch an ech de leschten Deel vun der Formatioun gemaach hunn. Dofir muss ech awer elo lues a lues an de Lycée kommen, fir kënnen un e puer Projeten deelzehuelen, déi fir meng Ausbildung wichteg sinn.
Dir wäert gesinn, ech bréngen direkt eng positiv Atmosphär an d’Klassen, an déi ech ginn. Ech weess selwer net, wéi ech et hikréien, mee ech motivéieren d’Leit. Déi eng kréien ech un d’Schaffen, déi aner kréien ech un d’Schwätzen, anerer kréien ech berouegt, an déi Gestressten huelen sech op eemol Zäit an entspanen. Wann ech do sinn, gëtt et seele Sträit. Ech sinn oft ënner Leit an näischt mécht mech méi frou, wéi geheemelt ze ginn.
Ech freeë mech elo am LJBM unzefänken a gi mäi Bescht, fir dass d’Schüler nach léiwer an dëse flotte Lycée schaffe kommen. Méi verroden ech elo net. Ech freeë mech iech kennenzeléieren, bis ganz geschwënn.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.