Wëllbeien

Publié le 20/10/2022

D’Populatioune vun den ënnerschiddleche Wëllbeien-Aarten huele säit Joren of, well se mat Pestiziden, Nahrungs- a Nistplatzmangel ze kämpfen hunn. Fir dësem leschte Problem entgéintzewierken, hu Schüler vun der 6GS1 am Schouljoer 2021-2022 kleng Insektenhoteller gebaut. D’Holz dofir krute mir gratis vum Recyclingcenter SIVEC.
Och dëst Joer gëtt nees fläisseg an der Optioun Makerspace geschafft, gebuert a geschrauft, fir méiglech vill Insektenhoteller ze bauen. Loscht méi iwwer Wëllbeien erauszefannen? Dann haalt d’Aen op fir weider Wëllbeien-Aktiounen aus dem Makerspace vum LJBM!