D’Villercher op der Schlammwiss entdecken

Publié le 24/10/2022

Den 12. Oktober sinn 2e- an 3e-Schüler aus der Optioun « Life Science » op d’Schlammwiss gefuer, fir do dat gréisste Schilfgebitt vum Land z’entdecken. Se kruten d’Beréngungsstatioun gewisen an Techniken, fir d’Villercher ze fänken a se direkt dono nees ze befreien. Et war fir jiddereen en eemolegt Erliefnis, sou vill verschidden a rar Villerchersaarten sou no kënnen ze gesinn. Souguer en Äisvugel war dobäi! Et goufen och e puer amerikanesch Flosskriibsen aus der Syr gefaangen an d’Thema « Neobioten » gouf dunn thematiséiert. Dono sinn d’Schüler nach d’Wasserbüffele kucke gaangen, déi säit engem Joer an dem Naturschutzgebitt op der Schlammwiss-Brill weeden. En décke Merci un den Här Eric Kraus vun der Fondatioun « Hëllef fir d’Natur » fir déi ausféierlech Erklärungen um Terrain.

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.