E Méindeg, den 12.12., sinn eis Scientifique-Klasse 7G1S a 6G1S an de Luxembourg Science Center op Déifferdeng gefuer. D’Schüler konnten hei als éischt di verschidden Ateliere selwer aktiv entdecken an ausprobéieren. Si hunn ënnert anerem en Auto opgehoff 💪, eng …
Eng interessant Visite d’entreprise hunn d’Schüler aus de 5P-, 5AD- a CIP-Klassen am CIPA zu Mamer ënnerholl. Heibäi konnten déi Jonk, déi sech fir Beruffer aus dem Beräich vun der Fleeg begeeschteren, hir Froe stellen an eng Stageplaz sichen.
Eise Lycée ass och dëst Joer erëm um Mamer Chrëschtmaart mat engem flotte Chalet vertrueden. Hei gëtt et eng lecker Schockelasfondue oder schéi kleng Geschenkiddien. Wien d’Chance bis elo verpasst huet, kann nach e Samschdeg vun 12:00 bis 20:00 Auer …
E Freideg, de 25.11., war am LJBM de Vernissage vun der Ausstellung iwwert de Josy Barthel. Den Här Christnach huet a senger Introduktioun op Wäerter wéi d’Motivatioun an déi villsäiteg Intressie vun dësem Personnage higewisen a Parallellen zu eiser Schoulwelt …
De 5. a 6. Dezember hunn d’Studente vun eisem BTS “Professions immobilières” um Kongress vun der FNAIM (franséisch Chambre immobilière) am Carrousel du Louvre zu Paräis deelgeholl. Spannend Workshoppen, z.B. iwwert d’Coproprietéit oder energetesch Renovatioun, wéi och Firmestänn mat digitalen …
De Kleeschen a seng Geselle waren haut op Besuch am LJBM. Si hunn e flotten Tour duerch d’Klasse gemaach, fir Stëmmung gesuergt, a sinn och an der Konferenz a beim Direkter passéiert.
Déi 6 Kleesercher an den Houseker wënschen hirem ganze Personal vill Spaass beim Knabberen!
Eis 7P-Schüler hunn am November eng Sortie op de Bauerenhaff an de Mariendall gemaach. Do hu si gewise kritt, wéi den Haff sou funktionéiert, an hu gehollef sech ëm d’Déieren ze këmmeren. Duerno hu si gesinn, wéi ee Botter, Kéis, …
D’B1BIM-Klass aus dem LJBM huet d’lescht Woch un der BIM World Munich (#BIMuc22) zu München deelgeholl. D’BIM World ass eng Expo fir d’Acteure vun der Digitaliséierung aus dem Bau- an Immobiliesecteur. D’Studente vun der BTS-Klass vum “Building Information Modeling” konnte …
En Donneschdeg, de 24.11., war den LJBM um Volleyball-Championnat vun der LASEL bei de Cadet(te)s vertrueden. Et ware flott Matcher, mee leider ass et fir eis Ekipp net duergaangen, fir sech fir d’Finallen ze qualifizéieren – eis Géigner waren deen …