BTS “Professions immobilières” um Kongress vun der FNAIM

Publié le 07/12/2022
De 5. a 6. Dezember hunn d’Studente vun eisem BTS “Professions immobilières” um Kongress vun der FNAIM (franséisch Chambre immobilière) am Carrousel du Louvre zu Paräis deelgeholl. Spannend Workshoppen, z.B. iwwert d’Coproprietéit oder energetesch Renovatioun, wéi och Firmestänn mat digitalen Neierungen awer och interessant Professioneller wéi de Romain Cartier (Agent immobilier) an de Fabien Galthié (franséische Rugbynationaltrainer) hunn eise Studenten e villsäitegen Austausch erméiglecht. Owes gouf bei engem gemittlechen Iessen nach flott weider diskutéiert.