Vernissage vun der Ausstellung iwwert de Josy Barthel

Publié le 09/12/2022
E Freideg, de 25.11., war am LJBM de Vernissage vun der Ausstellung iwwert de Josy Barthel. Den Här Christnach huet a senger Introduktioun op Wäerter wéi d’Motivatioun an déi villsäiteg Intressie vun dësem Personnage higewisen a Parallellen zu eiser Schoulwelt gezunn. Duerno huet d’Madamm Remesch eng flott Presentatioun vu verschiddenen eenzele Momenter aus dem Josy Barthel sengem Liewe gemaach an den Invitéeën den historesche Kontext erkläert. Als Ofschloss gouf et fir d’Schüler, d’Elteren an d’Enseignanten, d’Ancienen an d’Frënn vum LJBM nach e gudde Patt an e leckere Maufel.