Eis Scientifique-Klassen am Science Center

Publié le 19/12/2022

E Méindeg, den 12.12., sinn eis Scientifique-Klasse 7G1S a 6G1S an de Luxembourg Science Center op Déifferdeng gefuer. D’Schüler konnten hei als éischt di verschidden Ateliere selwer aktiv entdecken an ausprobéieren. Si hunn ënnert anerem en Auto opgehoff 💪, eng Waasserstoffrakéit gezünt 💥 a géint e Roboter 🤖 Kicker gespillt . Duerno krut d’7G1S eng Show zum Thema Optik a Faarwe 💡🎨 präsentéiert, wärend d’6GS an enger Show méi iwwert de Magnetismus 🧲 gewuer ginn ass.

LJBM – “Du, d’Natur an d’Wëssenschaft.”