Den LJBM um Mamer Chrëschtmaart

Publié le 12/12/2022

Eise Lycée ass och dëst Joer erëm um Mamer Chrëschtmaart mat engem flotte Chalet vertrueden. Hei gëtt et eng lecker Schockelasfondue oder schéi kleng Geschenkiddien. Wien d’Chance bis elo verpasst huet, kann nach e Samschdeg vun 12:00 bis 20:00 Auer an e Sonndeg vun 11:00 bis 20:00 Auer bei eisem Chalet laanschtkommen an eis Schüler bei hire Projeten ënnerstëtzen. – Definitiv verpasst ass awer dee flotte Concert vun eise Schüler, deen de leschte Sonndegmëtteg war. D’Schüler hunn hiert Bescht ginn a super gesongen. E grousse Merci fir hiren Asaz. Merci och all den Enseignanten, déi op déi eng oder aner Aart a Weis gehollef hunn, an alle Visiteure fir d’Ënnerstëtzung.