D’4CCL2 war 2 Deeg zu Huelmes, fir den Ekippegeescht ze fërderen. No engem Escape Game am Mariendall hunn d’Schüler duerch de Bësch missen eng Rëtsch Aktivitéite bewältegen, ier se an der Buerg zu Huelmes ukomm sinn. Do war den Teamgeescht …
Wou kommen eis Liewensmëttel hier? Dëser Fro sinn d’Schüler vun der 7G2 e Freideg, den 3.2., um Bauerenhaff Vosman an am Mariendall op de Grond gaangen. Si ware fir d’éischt de Bauerenhaff selwer kucken an hunn dono an der Kiche …
Den Naturfuerscher huet am Joer 1665 d’Zellen “Cellula” ënnert sengem Mikroskop beobacht. D’Schüler vun der 7G2 hu gutt 350 Joer dono hir éischt Erfarung mam Mikroskop am naturwëssenschaftlechen Unterrecht gemaach an dobäi hir eegen Zellen entdeckt an ënnersicht.
An e weidert super Resultat vun eise Schüler! Dëse Samschdeg, de 4. Februar, war déi 7. Editioun vun der LTS (Luxembourg Tech School) hirer Game Pitch Competition am Forum um Campus Geesseknäppchen. Mat dem Eldin Agovic, dem Nathan Carré, dem …
Eis Schüler bestëmmen an den Travaux pratiques vun der Chimie de Gehalt vu Calciumcarbonat (Kallek) an den Eeërschuelen. LJBM – “Du, d’Natur an d’Wëssenschaft.”
De leschte Freideg huet d’ganzt Personal vum LJBM un enger Formatioun deelgeholl. No enger Aféierung duerch den Här Christnach, Direkter, an den Här Gleis, Sous-Direkter, hunn all d’Enseignanten an d’Administratioun eng flott Keynote vum Här Vedder zum Thema “Schule im …
Am Zesummenhang mam Module „Technologie du bâtiment, fermeture du bâtiment et façades“ kruten d‘Studenten aus dem zweete Joer vum BTS “Professions Immobilières” bei der Visitt vum Schräinerbetrib Messerich vun Housen een detailléierten Abléck an d’Hierstellung vu Fënsteren an Dieren aus …
D’Schüler vun der 2TPGC1 hunn den 31. Januar d’Chambre des Députés besicht. 🙂
No enger Aféierung an de Journalismus hunn d’Schüler vun der 3CC am Engleschen Artikelen zu verschiddenen Theme geschriwwen. Zwee vun deenen Artikelen sinn elo an op Delano.lu, enger engleschsproocheger Zäitschrëft vu Lëtzebuerg, publizéiert ginn. Dat ass engersäits dem Jiayi Ye …
E Freideg, den 20.1., huet d’Direktioun vum LJBM zesumme mat hire Coordinateuren d’BTS-Studente vun eisen 3 Studiegäng am roude Gebai um Belval begréisst. Den Här Christnach huet a senger Ried d’Rees vun eise BTSen aus de leschte Joren nach eemol …