D’Madamm Penning, Cheffin vum nächste Projet d’établissement iwwert den Encadrement vun de Schüler am ESG inférieur, an d’Madamm Mersch aus eisem Service socio-éducatif hu virun dem Mikro vum RTL Ried an Äntwert gestan an d’Approche vum “Léiere léieren” virgestallt. Klickt …
D’Classe neige vum LJBM ass dës Woch zu Hinterglemm. Hei e puer Andréck aus de leschten 2 Deeg. Vill weider Impressioune fannt dir op: https://ljbmhinterglemm.wordpress.com/
De Lëtzebuerger EU-Deputéierte Christoph Hansen gouf e Freideg, den 20.1., vun eise Klassen 1TPGC1 an 1TPGC2 zesumme mat hirem Enseignant Guido Lessing am LJBM empfaangen. Eis Schüler hu mat dem Här Hansen iwwer d’Situatioun an der Ukrain, iwwer d’Ëmwelt an …
Ob beim Ënnersiche vun de Kirchhoff-Gesetzer oder beim Bastele vun enger Grompere-Batterie – bei eis am LJBM stinn d’Sciencen am Mëttelpunkt! 🤩😊 “Du, d’Natur an d’Wëssenschaft!”
D’6e-Klasse sinn dëst Woch mat hiren Enseignanten op Hinterglemm an Éisterräich. Fir méi Informatiounen a Fotoen klickt hei fir op de Blog ze kommen. Classe neige Hinterglemm 2023 Rendez-vous au LJBM : samedi 28 janvier matin à 5h45. Retour …
Zesumme mat hirem Enseignant Robert Lisi hat d’2. Joer vun eisem BTS “Bâtiments et infrastructures” d’Chance kritt, de Chantier vum europäesche Parlamentsgebai Konrad Adenauer ze besichen. D’Studente krute wichteg Informatiounen zu hirem Cours “Sécurité de chantier” vermëttelt. 👷♀️
En Donneschdeg, den 19.1., huet d’Qualifikatiounsronn vun der Physiksolympiad stattfonnt. Bei eis am Lycée hu 5 Schüler vun eise Klassen 1CC an 2CB deelgeholl an e gutt Resultat erschafft. De Filip Rolla (1CLC) an de Misael Ramos (2CB) hu sech …
De leschten Donneschdeg war och LASEL-Championnat am Handball. Bei den net-lizenséierte Spiller war eng Ekipp vun eise Jongen am Asaz an huet um Enn eng excellente 4. Plaz beluegt.
Den 18. Januar huet och am Mamer Lycée déi 1. Ronn vun der Mathésolympiad (“olympiade mathématique belge”) stattfonnt. 60 Schüler aus dem LJBM, vu 7e bis 1ère, hu matgemaach. An 3 Kategorien hu si versicht an 90 Minutten e Maximum …
De Yannis Lang, e Schüler aus der 5C2 aus dem LJBM, ass beim nationale Cyclocross-Championnat, deen ënner schwierege Konditiounen am Park vum LJBM stattfonnt huet, an der Kategorie Débutants op déi 1. Plaz gefuer. Mir freeën eis mat him a …