Mathesolympiad 2023
Publié le 23/01/2023Den 18. Januar huet och am Mamer Lycée déi 1. Ronn vun der Mathésolympiad (“olympiade mathématique belge”) stattfonnt. 60 Schüler aus dem LJBM, vu 7e bis 1ère, hu matgemaach. An 3 Kategorien hu si versicht an 90 Minutten e Maximum vun deenen 30 gestallten Aufgaben ze léisen. Mir felicitéieren hinnen alleguer, dass si sech deem Challenge gestallt hunn, a si gespaant, wéi vill vun hinnen et an déi nächst Ronn gepackt hunn. 



LJBM – « Du, d’Natur an d’Wëssenschaft. »