Physiksolympiad 2023

Publié le 24/01/2023
En Donneschdeg, den 19.1., huet d’Qualifikatiounsronn vun der Physiksolympiad stattfonnt. Bei eis am Lycée hu 5 Schüler vun eise Klassen 1CC an 2CB deelgeholl an e gutt Resultat erschafft. De Filip Rolla (1CLC) an de Misael Ramos (2CB) hu sech allen zwee als 11. vun am Ganzen 110 Konkurrente klasséiert a sech domat fir d’Halleffinall qualifizéiert. 👏 Mir felicitéieren hinne fir hir gutt Leeschtung a wënschen hinne weiderhi vill Erfolleg. 👍😀
LJBM – “Du, d’Natur an d’Wëssenschaft.”