1. Plaz beim Nationale Cyclocross-Championnat
Publié le 23/01/2023De Yannis Lang, e Schüler aus der 5C2 aus dem LJBM, ass beim nationale Cyclocross-Championnat, deen ënner schwierege Konditiounen am Park vum LJBM stattfonnt huet, an der Kategorie Débutants op déi 1. Plaz gefuer. Mir freeën eis mat him a felicitéiere ganz häerzlech. 









(Foto: Fédération du Sport Cycliste Luxembourgeois)